Radioen

On air

Notturno  |  Simon McCorry & Wodwo - By Water Mite

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ E Schloflidd, dat de Frust besänftege soll

Schlofzëmmerbléck

E Schloflidd, dat de Frust besänftege soll

"Post" war eng vum Karma sengen éischten Erfarunge fir selwer ze produzéieren. D'Sängerin huet sech ee Synthesizer kaf an drop lass experimentéiert. Um Enn koum eppes dobäi eraus, dat "net mega komplex ass, mee ee laange Prozess hanner sech huet."

auto_stories

2 min

"Wéi d'Commande ukomm ass, war ech an engem Wiessel vun Emotiounen an hat iwwerhaapt keng Loscht Musek ze maachen. Ech wollt och net iwwer d'Theema Confinement schreiwen, ech sot mir, ech maachen eppes ganz anescht. Mee wéi ech bis iwwer meng Onloscht ewech war, war et am Fong nach méi staark wéi soss."

Um Enn geet de Song awer iwwer d'Erfarungen am Confinement. "Méi konkret Saachen, wéi zum Beispill net schlofen ze kënnen, de Fakt, datt mäi Manager geschwë Papp gëtt, d'Observatioun, datt all Dag déi selwecht Postfra kënnt."

D'Rencontere wärend dem Confinement hätte sech intensivéiert, an den Track ass wéi ee Schloflidd, dat de Frust besänftegen an d'Déift dovunner wierdege soll.

D'Resultat vun engem laange Prozess

"Et war eng vu mengen éischten Erfarunge selwer ze produzéieren. Ech hu mir ee Synthesizer kaf an drop lass experimentéiert. Um Enn koum eppes dobäi eraus, wat net mega komplex ass, mee wat ee laange Prozess hanner sech huet."

Online-Concerte kënne fir d'Karma net iwwer d'Feele vu Live-Concerten ewechtréischten, well se "ze ireell" sinn. "Ech si frou, wann et erëm lassgeet."