Radioen

On air

Metal Meltdown  |  Metal Meltdown

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ E Soundtrack fir schwiereg Zäiten

One True Pairing - One True Pairing

E Soundtrack fir schwiereg Zäiten

A schwieregen Zäiten entsteet dacks gutt Musek. E Beispill dofir ass den éischte Soloalbum vum britesche Sänger a Museker Tom Fleming. Hien huet als "One True Pairing" en Album mam selwechten Titel erausbruecht.

auto_stories

3 min

Nee, et ass net 1984, mee 2019. A mir lauschteren net de Bruce Springsteen, mee den Tom Fleming. D'Baritonstëmm bei der britescher Indie rock Band Wild Beasts, déi am Februar 2018 hire leschte Concert gespillt haten.

Et stiechen effektiv vill Referenzen dran, am One True Pairing Album. Bruce Springsteen an Depeche Mode si wahrscheinlech déi Nimm, déi engem als éischt an de Kapp kommen. Awer One True Pairing ass trotz retro Sound eng top aktuell Scheif.

Autobiographesch Momenter alternéieren a verschmëlze mam Frust an der Perspektivlosegkeet vun engem groussen Deel vun der britescher Populatioun. Perséinlech an tëschemënschlech Gefiller kommen op een Nenner mat Kritik u Gesellschaft a Politik. Alles dat geléngt dem Tom Fleming ouni arty farty Hipstertum, mee mat guddem handgemaachte Rock.

E selwergemaachten Album

"Ech wollt iwwer déi richteg Welt schreiwen", seet den Tom Fleming an engem Schreiwe vum Label Domino. Hien hätt kee geschmackvollen, artisteschen Disk wéilte maachen. Awer genee dat ass him reusséiert.

Hie goung eleng an de Studio, mat engem Notizbuch voller Demoen, déi hie mat der akustescher Gittar an e Mikro gebläert hat. Hanner zouenen Dieren huet hie säi Frust mam Produzent Ben Hillier Kanaliséiert. Datt deen och scho Saache vun Depeche Mode, Suede, Blur a souguer U2 produzéiert huet, mécht Sënn.

Trotzdeem ass et en DIY Album. Ouni grouss Gäscht, mee mat enger elektronescher Approche, mat Gebastels an Overdubs, a mat ville Synthesizeren, déi mam Tom Fleming senge Gittare ringen.

Et kann ee sech mat him identifizéieren

Et kann ee schmunzelen oder souguer laachen iwwer One True Pairing. Datt een 2019 sou eng Musek mécht, kann een als gewot bezeechnen. Awer ech fannen et erfrëschend. Virun allem gefält mir, datt ee Museker sech traut en Album ze maachen, dee konsequent männlech ass.

Net machistesch, wéi dat momentan zum Beispill am Hip Hop ugesot ass. Ganz am Contraire - hei hu mir et mat engem Mann ze doen, dee leit, dee sech net zurecht fënnt an der Welt, dee vulnerabel ass a verletzt gouf. E Mann, mat deem vill sech kënnen op déi eng oder aner Manéier identifizéieren.

Virun allem awer och e Mann mat enger enormer Stëmm, wéi et se nëmmen eng Kéier gëtt. An ech sinn immens dankbar, datt déi Stëmm sech emanzipéiert huet, a sech traut, fir ouni dem Hayden Thorpe (deem anere Wild Beasts Sänger) säi Falsetto weider ze sangen.