Les Ballades du Carillon E spektakuläre Concert mam Carillonneur Fabrice Renard

De Carillon: et ass en Instrument, vun deem warscheinlech déi mannst wëssen, datt et et gëtt. An der Basilika zu Iechternach steet ee Carillon - dat uewen an engem vun den Tierm, op enger Héicht vun ongeféier 80 Meter a just iwwer méi wéi 100 Träppleker erreechbar. Véier Mol mëttwochs am Summer spillt de Fabrice Renard, de Carillonneur vun der Basilika, hei e Concert.

Marie Schockmel / sam / Fotoen: Marie Schockmel

Carilloneur Fabrice Renard
De Carilloneur Fabrice Renard spillt e Concert um Carillon an der Basilika zu Iechternach.

Am Kader vun "Les Ballades du Carillon" spillt de Carillonneur vun der Iechternacher Basilika véier Mol am Summer ee Concert. D'Journalistin fir klassesch Musek, d'Marie Schockmel, war sech esou ee Concert ulauschteren an huet mam Carillonneur Fabrice Renard geschwat.

Lauschtert den Interview an Deeler vum Concert

De Carillon - änlech wéi d'Uergel an dach anescht

D'Instrument vum Carillon ass änlech ewéi eng Uergel an awer dach net d'nämmlecht. Et spillt een dëst Instrument mat de Féiss a mat den Hänn - oder fir méi genau ze sinn, mat de Fäischt.

De Carillonneur schléit op déi holzen Tasten, an all Tast a Pedall ass duerch e Kabel mat enger Klack verbonnen, soudass vill Téin zur selwechter Zäit entstoe kënnen.

Trotzdeem seet de Carillonneur vun der Basilika, de Fabrice Renard, datt de Carrillon kee ganzt physescht Instrument wier - senger Meenung no wier dee physeschsten Deel, fir bei d'Instrument ze kommen. Dat steet nämlech an engem vun den Tierm vun der Basilika op ronn 80 Meter Héicht an ass just iwwer vill Trapen ze erreechen.

Den alleréischte Carillon, deen d'Basilika zu Iechternach hat.

"Je décolle de la planète"

De Fabrice Renard ass den éischte Carillonneur vun der Iechternacher Basilika, a fir hien huet säi Beruff eng grouss Bedeitung:

"Moi j'aime beaucoup être ici, parce qu'on est dans une paix royale. C'est fantastique, personne ne sait vous atteindre. Je coupe mon GSM, je décolle de la planète."

Anescht wéi een et villäicht denke géif, spillt de Fabrice Renard um Carillon vill verschidde Wierker - vu klassesch iwwer sakral Stécker, bis bei d'Film- a Rockmusek. Hien huet och eng grouss Passioun fir d'Musek vun der Popsängerin Dua Lipa, a plangt schonn, e Projet heiriwwer ze entwéckelen.

De Carilloneur Fabrice Renard huet sech mam Marie Schockmel, eiser Journalistin fir klassesch Musek ënnerhalen.

Ënner ville Momenter, déi de Fabrice Renard ni vergiesse wäert, ass de Concert vum 31. Juli 2022. Do huet hien zesumme mat de Pompjeeë vun Iechternach e ganz spezielle Concert ginn: De Public huet ofwiesselend de Carillon vun uewen aus dem Tuerm héieren an d'Sireen vum Pompjees-Camion ënne virun der Entrée vun der Basilika.

Niewent de speziellen Optrëtter an de Concerten "Les Ballades du Carillon", spillt de Fabrice Renard och op dësem Instrument fir Chrëschtdag a fir Péngschten.


De leschte Carillon-Concert vun dësem Summer zu Iechternach ass e Mëttwoch, de 24. August 2022. Méi Informatioune fannt dir hei.

Méi zum Thema

Iechternach
Reportage

Déi allermeescht Klacken hei am Land ginn automatesch gelaut. Zu Iechternach ass dat anescht. An engem vun der Basilika hiren Tierm ass nämlech e Carillon - e Klackespill, dat ee manuell spille kann.

Carillon
Iechternacher Carillon

Jidderee kennt de Klang vum Carillon. Awer kaum ee weess, wéi dëst Instrument ausgesäit. Zu Iechternach gouf déi fënnett Editioun vun enger Concerts-Serie agelaut. Mat Wierker vu Bach bis Lady Gaga.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen