Radioen

On air

De Weekend  |  Sorry Girls - Prettier Things

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ E spontane Libesbréif un en exzentresche Kultmuseker

Peter Broderick & Friends Play Arthur Russell

E spontane Libesbréif un en exzentresche Kultmuseker

Mat enger neier Woch kënnt och en neien Album vun der Woch. Déi Kéier heescht en "Peter Broderick & Friends play Arthur Russell". En Hommage un eng verstuerwe Kultfigur. Den Jamie Reinert zielt méi.

auto_stories

3 min

Foto: erased tapes youtube channel

Viru 27 Joer ass den Arthur Russell gestuerwen. 40 Joer hat de gelungenen Amerikaner um Bockel, deem säi Kultstatus sech eréischt no sengem Doud 1992 entwéckelt huet.

Mat sengem louchen Cello an engem immens oppene Geescht huet hie Brécken tëschent Pop an Avant-Garde geschloen. An domadder Nolauschterer a Museker aus alle Sparten intrigéiert. Dorënner och de Peter Broderick. E mëttlerweil 31 Joer alen Amerikaner, deem seng Produktivitéit keng Grenzen ze hu schéngt. Eleng 2010 huet hien op 19 Projete matgewierkt. Als Solokënschtler oder Collaborateur vum Nils Frahm oder Efterklang, ass de Peter Broderick iwwer déi lescht 12 Joer mat vill Spontaneitéit vu Projet zu Projet gegeeschtert. A genee wéi den Arthur Russell bléckt en dobäi mat vill Wonner an Onschold op d'Welt. Hir horizontal Museke wierken direkt op een, se si rau, meditativ a verspillt. Et ass also am Fong net iwwerraschend, datt de Peter Broderick elo säin Idol mat engem séissen Hommage éiert, dee vill Léift a Freed opweist.

Op sengem neie Coveralbum ass de Peter Broderick den original Versioune vum Arthur Russell trei bliwwen. Hien dréit näischt richteg op d'Kopp, hei gëtt keng gréisser Dekonstruktioun gebueden, frësch harmoniséiert oder rhythmesch zerstéckelt. Mee en huet heiansdo liicht d'Instrumentatioun geännert. "A Little Lost" kritt e klenge Reggae Feel an op "That's Us /Wild Combinatioun" verleet eng Pedal Steel dem Dance Stéck nach méi e Country Flair.

De Peter Broderick gouf bei dësem Projet vun enger Rëtsch Kolleegen ënnerstëtzt. Dorënner säin Akolyth, den David Allred, deen an d'Trompett bléist, seng Fra a Folksängerin Brigid Mae Power dréit déi zweet Stëmm bäi, an där hire klenge Bouf, de Séan Power iwwerhëlt mat vill Charme d'Roll vum Beatpoet Allen Ginsberg um Stéck "Ballad of the Lights".

A fir dat Ganzt nach méi familiär ze maachen ass dem Arthur Russell seng Famill esouguer um Album vertrueden, mat senger Niess a sengem Neveu déi sangen, respektiv Perkussiounsinstrumenter spillen.

De Peter Broderick kléngt vun der Stëmm hier immens wéi den Arthur Russell. Si hunn Allenzwee en duussen Timber, deen zemools an de Country Folk Lidder zum Beschte kënnt. Stécker wéi "You Are My Love" gi vum Broderick mat der néideger Sensibilitéit interpretéiert. Lidder déi ënnersträichen, wat fir e grousse Romantiker den Arthur Russell war. "Come to Life" an "I Couldn't Say it to Your Face" sinn ergräifend Léift-Lidder, déi duerch hir Simplicitéit an Naivitéit dëser elementarer a komplexer Emotioun gerecht ginn.

Och wann dem Arthur Russell seng Stécker am beschten am Original ze genéisse sinn, huet de Peter Broderick hei eng immens touchant Ode geliwwert, déi d'Similaritéiten tëschent den zwee Museker verdäitlecht. Säi Coveralbum héiert sech manner wéi eng duerchduechten Interpretatiounsgeschicht, wéi e spontane Libesbréif un. Éierlech an onkomplizéiert. Zwee Museker hu sech fonnt.