Radioen

On air

De Moien  |  Queen - You're My Best Friend

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ E Wierk vun der Maturitéit

Devendra Banhart - Ma

E Wierk vun der Maturitéit

Op senger 10. Solopack "Ma" beschäftegt sech den Devandra Banhart mat schénge südamerikanesche Wuerzelen an de batterséissen Erkenntnisser vun der Liewensmëtt. De Marc Clement huet eragelauschert.

auto_stories

5 min

Schonns dem Devendra Banhart seng Ufäng droen d'Faarwe vun engem Bohémien. Vu sengem amerikanesche Papp a senger venezuelanescher Mamm gëtt hien nom indesche Kinnek vun de Gëtter, dem Indra benannt, a wiisst fir d'éischt zu Austin, Texas op an no der Scheedung vun der Banhart-Koppel zu Caracas.

Wou hien den Alter fir ze studéieren erreecht plënnert hien op San Francisco, léisst sech am traditionelle Schwulevéirel Castro nidder a séngt vill léiwer op der Strooss mat senger Gittar, wéi an d'Coure vum San Francisco Institute of Art ze goen. Rock-Ikone wéi den Axl Rose an de Mick Jagger, mee och de Pakistani Nusrat Fateh Ali Khan an den Ali Farka Touré aus dem Mali faszinéieren de jonken Devendra Banhart a fiddere seng musikalesch Entwécklung.

No ville Collaboratiounen: Déi 10. Soloplack

Am Joer 2000 bréngt ee Passage zu Paräis him een Opener Slot fir Sonic Youth an d'Bekanntschaft vum Labeldirekter vu Young God Records. Béides féiert zur Release vun enger éischter Sammlung vu Fragmenter ënner dem Titel "Oh Me Oh My". D'Songs füge sech an eng nei Well vu Folk-Musek an, déi Ufank den 2000er ëm sech geet, mee vun där sech de Banhart net aspäre léisst. Séier erweidert hie säi Sound, wéi op der räich orchestréierter 2005er Plack Cripple Show oder senger Zesummenaarbecht mat der Art Pop Band Anthony and the Johnsons.

Vun hei un enchainéiert de Banhart d'Collaboratiounen, spillt an der Carnegie Hall, assuréiert de Virprogramm vum Gilberto Gil, collaboréiert mam Drummer vun de Strokes, remixt Oasis a Phoenix, mécht e Song mam Beck fir e Soundtrack an entwéckelt Toun fir den zäitgenëssesche Vollekskënschtler Doug Aitken.

Als New Weird Americana, psychedelesche Folk oder Avant-Folk gëtt seng Musek meeschtens bezeechent, an dat gëtt wuel eng Iddi. Echoe vun de fréien Tyrannosaurus Rex, Vashti Bunyan an Arthur Russel geeschteren ëmmer erëm duerch seng Songs.

17 Joer an eng 30 Releases méi spéit ass et dem Devendra Banhart seng 10. Soloschéif, déi mir um Plackenteller hunn. Et ass eng "richteg" Plack, wéi de Museksfrënd et géif ausdrécken, déi éischt zesummenhänkend Sammlung vu Banhart Lidder zanter 3 Joer.

Eng Plack iwwer d'Erwuessesinn

Et ass ee Wierk vun der Maturitéit, mee net vum sécheren Am-Liewe-Stoen. Maturitéit ass d'Erausfuerderung, déi d'Lidder op der Plack ëmmer erëm stellen, mee net hiren Toun. D'Onsécherheet, déi ee bal 40-järegen empfënnt, wann d'Elteren alteren a verfléissen. Nach ëmmer net Papp ze sinn, eng Verspéidung, déi schwéier z'acceptéieren ass, där hir eventuell Definitivitéit Melancholie a Resignatioun opkomme léisst.

Déi politesch Situatioun vu senger zweeter Heemecht, Venezuela, kënnt zur Sprooch op Abre las Manos, engem vun dräi Songs op Spuenesch. Alles dëst kënnt zur Sprooch, a gëtt net ofgedunn oder hipstereg Verkläert, egal wéi soft an aluedend d'Musek sech ronderëm des Theme stréckt, et bleift eng déif Inquiétude, déi des scheinbar schwéierelos Arrangementer un de Buedem stréckt.

De Folk ass wuel de Pëtz aus deem des musikalesch Iddi geschöpft goufen, mee eraus kënnt Pop, räif a ronn arrangéiert mat alle Straicher, Bléiser, elektresche Pianoen a Gittaren, déi ee sech ka wënschen. All Kënschtler muss sech bei enger Release mat enger Erwaardungshaltung konfrontéieren. Dat mécht de Banhart zesumme mam Nolauschterer.

E gebändegten Ego

D'Reflexioune vun engem an der Mëtt vum Liewe stoende Mann, deen sech trotz enger gewëssener Middegkeet dozou opreeft, eng Plack ze maachen: et géif een em seng Zréckhalung bal ofkafen, wann d'Musek net géif verroden, datt de Banhart eng räich Liewenserfarung matzedeelen huet, an trotz aller Bescheidenheet textlech musikalesch aus dem Volle schöpft.

Am Platz falsch bescheide wierkt den Devendra Banhart angenehm bäileefeg, de Kënschtlerego gebändegt fir dass d'Liewen ongehënnert aus him erausschwätzt. Musek ass circonstantiell, verlaang net méi vu hir, schéngt ee vu senge Messagen ze sinn.

Et kënnt een der Plack gäre méi no

Den Titel vum Album "Ma" leet eng Dedicace un, oder Identifikatioun mat der Mamm no, an dat nom Dout vum Banhart sengem Papp virun net allze laanger Zäit. D'Konzentratioun op dat, wat nach do ass, an op dat wat nach méiglech ass, gëtt "Ma" ee virsiichtegen Optimismus, deen dezent aus klengen Detailer wéi Holzblockperkussiounen a stëmmungsvoll agespillte Sträicherfiguren erausschwätzt.

"Ma" ass domat ee "Grower", eng Plack, där e gäre beim Hannergrondläuschtere méi no kënnt. D'Aeméierk op den Detail kënnt vum Selwen, well wann ee sech bis eemol vun der un de Burt Bacharach erënnernder Smoothness verféiere gelooss huet, fënnt een eng bescheide Stëmm, déi aus der Bohème, dem Liewen an all sengen Onvermeidbarkeeten erzielt.