Si hätten hir Carrière zu engem Zäitpunkt ugefaangen, wou een als Indie Band nach einfach e Plackevertrag konnt kréien, seet de Batteur Steven Ansell. Deemools hätt een als Museker genuch Sue verdéngt, fir dovun ze liewen.
"Nëmmen doduerch si mir sou wäit komm. Wann s de dech vollzäit kanns op d'Band konzentréieren, kanns de wierklech gutt ginn. Anescht ass et wierklech haart. Déi meescht Bands hunn hautdesdaags Problemer." Et wier elo méi einfach als Solo-Kënschtler, zum Beispill wann een elektronesch Musek géif maachen.
Blood Red Shoes komme vu Brighton an hunn 2008 hire ganz Rock-lastegen Debut "Box of Secrets" erausbruecht. Eelef Joer duerno kléngt den Duo vill méi elektronesch. Op "Get Tragic" brénge Synthesizeren hirem Sound eng Renaissance.
"Mir spille scho sou laang zesummen", seet d'Sängerin Laura Carter. Hire perséinleche Goût hätt sech verännert, zanter datt si d'Band als Teenager gegrënnt hätten. "Mir wollten einfach aner Saachen ausprobéieren a mat Instrumenter spillen, déi mir nach benotzt haten." Och beim Songwriting wiere si nei Weeër gaangen. "Et ass wéi e laangjärege Mariage - you gotta keep it spicy ..."