Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Mildlife - Yourself

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Ech halen ni op Musek ze schreiwen"

Musek vu Lëtzebuerg

"Ech halen ni op Musek ze schreiwen"

Abbey Road, de Studio vum Peter Gabriel an elo de Wisseloord Studio zu Hilversum an Holland. An den 80er Joren hunn hei Kënschtler wéi den Elton John, Iron Maiden oder de Michael Jackson opgeholl. A mat "Presence of Absence" dréit den Daniel Balthasar sech an déi laang Rei vu Museker an.

auto_stories

3 min

"De Studio gouf zwar viru 15 Joer bal komplett renovéiert. Mä et stinn nach ëmmer ganz vill al Instrumenter do, an Equipement souwisou", sou den Daniel Balthasar. Hien hätt och net gezéckt, e ganzen Dag z'experimentéieren. "Schlussendlech hunn ech de ganzen Album mat engem Fender Bandmaster opgeholl. Dee Verstäerker gëtt zënter 1974 net méi gebaut."

Dat selwecht gëllt och fir de Mikro. Et géife Mikroe ginn, déi engem besser géife leie wéi anerer, seet de Museker. "Ech hunn eng zimlech déif Stëmm, ech sinn e Bariton. Wann een do de falsche Mikro hëlt, da klengt dat esou wummeresch", erkläert den Daniel Balthasar. Aus deem Grond hätt hien "Presence of Absence" och mat deem selwechte Mikro opgeholl, wéi déi zwee lescht Albumen.

Experimenter

Leit, déi e Surround-Sound-System hunn, komme bei "Presence of Absence" besonnesch op hir Käschten. "Mir hunn den Album quasi live a mat Surround Sound opgeholl. Dat heescht, wann een am ganze Raum Boxe stoen huet, kritt een d'Gefill matzen am Concert ze stoen."

Dat, wéi och d'Ophuelen an de verschiddene Studioen, mécht den Daniel Balthasar fir sech selwer. "An der Popmusek gëtt et kee wierkleche Marché fir Surround Sound. Weltwäit komme vläicht tëscht zéng an zwielef Albumen esou eraus." Mä et wier en Challenge gewiescht, an dat hätt hien interessant fonnt, sou de Sänger.

Roude Fuedem?

Op "Presence of Absence" sinn och Titelen ze fannen, déi den Daniel Balthasar scho viru méi laanger Zäit geschriwwen huet. "Dat läit dorun, datt ech am Fong ëmmer am Gaange si Musek ze schreiwen. Wann et dann drëm geet en Album ze maachen, kucken ech wat ech an de Méint a Jore virdru sou geschriwwen hunn", präziséiert hien. Sou géifen dann heiansdo och Lidder opdauchen, un déi hie sech selwer net méi géing erënneren.

"Heiansdo brauch een och e bëssen Distanz zu senger Musek. Net all Lidd fënnt een direkt super gutt oder fuerchtbar schlecht." Wa Lidder dann an déi generell Thematik vum Album passen, wier et eben och net schlëmm, wann hien deen Titel schonn e Joer virdru geschriwwen hätt. Datt en Album da vläicht net ëmmer e feste roude Fuedem huet, fënnt den Daniel Balthasar net schlëmm: "Een Album muss Kontraster hunn, also Stécker déi sech och reiwen. Dat mécht en Album interessant. Mir gefält et net, wann all Lidd an där selwechter enker Gefillsgaass stécht."

Keng Tour

Mat "Presence of Absence" geet den Daniel Balthasar awer net op Tour. Hie géif sech op Concerten zu Lëtzebuerg a vereenzelt Optrëtter am Ausland konzentréieren. Hie géif gäre Musek schreiwen an erfannen, mä fir ze toure wier hie mëttlerweil och e bëssen ze al. "Ech si jo och net méi 25 Joer al, ech hunn zwee kleng Kanner an e Beruff, deem ech noginn. Ech hunn einfach iergendwann de Choix getraff, net méi op Tour ze goen."

Daniel Balthasar am Interview mam Yves Stephanyplay_arrow