Radioen

On air

Resonanzen  |  Jazz and the City

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eddie Kendricks - My People... Hold On

Sample vun der Woch

Eddie Kendricks - My People... Hold On

1972 huet Eddie Kendricks dat heiten Lidd erausbruecht: "My People... Hold On". Als Sample-Detektiv erzielt de Bobby Bieles d'Geschicht vum Lidd a wou een d'Bestanddeeler erëmfanne kann.

auto_stories

2 min

1972 huet Eddie Kendricks dat heiten Lidd erausbruecht: "My People... Hold On" vum Album "People ... Hold On". Dat war säin zweeten Album. Hien ass an Alabama gebuer, mee ass eréischt zu Detroit bekannt ginn, an zwar wéinst dem Label "Motown Records".

Hie war fréier en Member vun der Grupp Temptations, mee huet duerno just nach mat den Young Senators gespillt. Säi Style kann een aus Conscious Soul Musek bezeechnen. Hien huet hei en ganz militanten Album erausbruecht, dat gesäit een och direkt um Cover: hie setzt hei mat engem Speer op engem Troun - dat ass eng Allusioun op eng bekannt Fotovun engem vun den Leader vun den Black Panthers.

Den J Dilla huet dat Lidd gesampelt fir säin Track "People". Dat war ze fannen op sengem Album "Donuts", deen 2006 erauskomm ass. Dat ass dann och säin néngten an leschten Album ginn, den Dilla ass nämlech leider mat 32 Joer un enger Infektioun gestuerwen.

Hien iwwerhëlt hei den politeschen Message vum Kendricks. Den Beat ass opgebaut op engem Portablen Sampler, den SP303 vun der Mark Boss. D'ganzt Lidd ass komponéiert am Spidol selwer, quasi op sengem Stierfbett. De ganzen Album ass en instrumentalen Projet. Et ass éischter eng Beattape, an net wierklech en Album.

Um ganzen Projet ginn et plëtzlech Changementer, abrupt Iwwergäng, et ass zimmlech experimentell. All Lidd dauert ëm eng Minutt. Dat alles kënnt Dir och ganz detailléiert am Buch "Donuts" vum Jordan Ferguson noliesen.

An elo geet et weider mat engem Letzebuergeschen Projet, an zwar mam Willy Sun an seng Demo Tape aus dem Joer 2000, déi "Des Beats Et Demo" geheescht huet. Dat hei war dat drëtt Lidd dovunner. Hien iwwerhuelt och den selwechten Sample, mee sechs Joer virun J Dilla.

2008 huet Erykah Badu och en Projet mat deem Sample erausbruecht. D'Lidd heescht "My People" an den Album "New Amerykah Part One". Den Beatmaker heescht Madlib. Et war säin véierten Album, deen hatt op Motown erausbruecht huet. Anscheinend huet hat déi meescht Lidder op Garageband mat sengem Laptop selwer opgeholl.

Elo geet et e bëssen méi experimentell weider mam kanadesche Producer Caribou. Hie benotzt just d'Perkussioun vum Sample fir e Lidd vu sengem Album "Marino" domat ze maachen. Deen ass 2005 erauskomm an den Genre kann een aus Folktronica bezeechnen.