Radioen

On air

Grousse Kino  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Edsun: "Outtaspace Loverboy"

Trotz Ausgangsspär

Edsun: "Outtaspace Loverboy"

Dem Edsun seng nei Single "Outtaspace Loverboy" ass Deel vun engem Effort, sech méi fir déi positiv Säite vum Liewen opzemaachen. Traureg Lidder ze schreiwen, dat kënnt engem ëmmer einfach, esou de jonken R&B Museker.

auto_stories

1 min

De Song féiert och d'Theema vum "sech selwer gären hunn" weider, dat dem Sänger an Dänzer besonnesch um Häerz läit, an dat hie mat sengem Publikum wëllt deelen.


D'Single "Outterspeace Loverboy" lauschterenplay_arrow


D'Ausgangsspär huet all Pläng vu Concerte fir eng Zäit op Äis geluecht. De jonke Museker léisst sech dovunner awer net beieren. Och wann déi nei Live-Show, wéi ëmmer mat Danz a visuellen Elementer, schonn an Aarbecht war, ass elo d'Geleeënheet fir zu sech selwer ze fannen.

Lauschtert d'Gespréich mam Edsun iwwer "Outterspeace Loverboy" hei.

Lauschterenplay_arrow