Schlofzëmmerbléck Edsun - Until Tomorrow
Als Leschten an der Rei presentéiert haut den Edsun seng Contributioun zu eiser Aktioun Schlofzëmmerbléck, bei där 13 Artisten deelgeholl hunn an ee Lidd am Confinement geschriwwen hunn. "Until Tomorrw" besteet aus Stëmm a Keyboard a kënnt effektiv aus dem Schlofzëmmer.
Fir d'Commande vum radio 100,7 Schlofzëmmerbléck z'erfëllen, huet den Edsun sech mam Keyboard zeréckgezunn an doheem, eleng, "Until Tomorrow" opgeholl.
"De Song huet tëschent der éischter Iddi an dem Endresultat kaum changéiert", esou den Edsun.
D'Thematik vum Lockdown wollt hien duerch de Bléck vun deene Vulnerabelen adresséieren, "Minoritéiten, Refugiéen a Leit ouni Doheem". De Song ass als Opruff zur Solidaritéit ze verstoen, net fir d'Kënschtler, déi sécher och hir Schwieregkeeten hunn, mee fir déi, déi schonns soss am Alldag Hëllef brauchen.
Beim Edsun heescht et an Zukunft weider Musek erausbréngen, ëmmer gär och mat engem Video - där hie grad ee gedréit huet.