Radioen

On air

Notturno  |  Sylvan Esso - Your Reality

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 175. Gebuertsdag: Edvard Grieg, buedemstänneg a weltgewand

Komponist vum Mount

175. Gebuertsdag: Edvard Grieg, buedemstänneg a weltgewand

auto_stories

1 min

Buedemstänneg a weltgewand - wéinst dësen zwou Eegenschafte veréieren d'Norweger och nach haut hiren Nationalkomponist, den Edvard Grieg. De Museker mam charakteristesche grousse Schnurres an der Einstein ähnlecher Frisur, war mat Spillleit ënnerwee, souz a Juryen vu Concoursen vu Volleksmusek, huet awer och mat deene groussen däitsche Romantiker korrespondéiert.

Ganz vill Norwegen an een décke Schotz Robert Schumann - dat ass dem Edvard Grieg seng Musek. D'Melodien aus "Peer Gynt", säi populäre Pianosconcerto - virun allem awer seng sëlleche Volleksweise kennt nach haut all Norweger.

Entstanen ass de Gros vum Grieg senger Musek an der Villa Troldhaugen - um Bierg vun den Trollen. Et brauch een net vill Fantasie, fir sech virzestellen, wéi an dësem traditionellen Holzhaus matten an der Natur an net wäit vum Mier esou onstierflech Melodien wéi "Morgenstimmung" entstoe konnten.

Mee all seng schéi Musek huet fir den Edvard Grieg net vill gegolle am Verglach mat Troldhaugen, dat de Komponist als säi gréisst Wierk consideréiert huet. A grad do gëtt haut - um Grieg sengem 175. Gebuertsdag - dee gréisste Grieg-Concert ever organiséiert - mat sämtleche Wierker vun Opus 1 bis Opus 74. Happy Birthday Edvard Grieg.