Radioen

On air

De Weekend  |  PICelectroNIC

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ee gudde Jong

Album vun der Woch

Ee gudde Jong

Op "Wait Til I Get Over" ass den Indications Bandleader Durand Jones ee gudde Jong. Mat gezéckerte Straicher fänkt hien u mat engem Lidd fir seng Bomi, an engem Ständche fir säin Heemechtsduerf déif am Louisianna: Queere Soul aus dem US-amerikanesche Mississippi-Delta gëtt et dës Woch an eiser Album-Recommandatioun.

auto_stories

3 min

Durand Jones (Foto: Rahim Fortune/Dead Oceans)

Den Numm Durand Jones kennt een aus sengem Zesummeschloss mat den Indications, mat deenen hien als Bandleader een erfollegräicht Joerzéngt hannert sech huet, zulescht mat hirer 3. Studioplack "Private Space". E kënnt aus dem US-Amerikanesche Süden, Louisiana, an am Blues, Spiritual, Country a Soul leien dann och seng musikalesch Mammen a Pappen.

D'Indications sinn dobäi eng Band, wou een net richteg weess op een se soll als Retro gesinn oder net, mol op Soul-Revival, mol op Evolutioun aus. An och op dësem éischte Soloalbum vum Jones ass de Sound traditionell souleg, villäicht esouguer e bësse Roots, an dach heiansdo ganz modern. De Mix ass dobäi éischter dezent, beim éischte Lauschteren, an och dofir ass den Durand Jones ee gudde Jong. "Wait Til I Get Over" heescht seng Scheif, an et ass endlech emol erëm eng richteg nei Soulplack.

Glawen a Léift, net ouni Konflikt

Déi Fra, där dëse beréierenden éischte Song dediéiert ass, ass seng Bomi, och dofir, ee gudde Jong. Den zweete vollwäertege Song fänkt iwwregens mat de Wierder "My Mamma" un. Ee méi alen Album, un dee mech "Wait Till I Get Over" e bëssen erënnert, ass "Listen Without Prejudice" vum George Michael, an dat wéinst den ënnerlechen Tensioune vum Auteur / Protagonist, dee schwul an zugläich gleeweg ass. Dee sech anescht fillt an dach ganz kloer seng Platz an der Gemeinschaft sicht an hannerfreet.

Den Durand Jones huet och eng grouss Chance an e weess et, well hien ass glécklech verléift an ongeféier d'Hallschent vun dëser Plack si Libeslidder vun esou enger Onschold, sief et u säi Partner oder seng Heemechtsstad, datt een och net anescht kann, wéi senger kräfteger a kontrolléierter Stëmm mat nozegoen a beréiert ze sinn. Op Ballade wéi "That Feeling" defouléiert sech den Durand Jones a geet un d'Grenze vu senger Stëmm, wärend hannendrun de Mississippi vu senger Heemecht net zitt, mee sumpfeg laanschtgroovt.

De Sumpf lackelt, mee staark Äerm hëllefen eraus

Et ass och kitscheg iergendwou, mee emotional méi expressiv ass mengen ech schwéier ze fannen. An et soll een sech dofir och net ofhale loossen, well deen nächste Passage ka schonn de Featuring vun engem Rapper sinn, oder eng Jazz Jam, a sech ganz anescht opléisen. D'Häerz, wat an dës Plack erageluecht gouf ass onwarscheinlech, an dach fënnt een och vill einfach Frësches, Iwwerraschendes, Brillantes. D'Plack hëlt Kéieren a Schikanen a flitt laanscht ganz Landschafte vu Stëmmungen an Téin.

Mee dem Jones seng Stëmm verdéngt dëse maximalen Traitement komplett. Déi kleng syntheetesch Touchen hei an do stëmme mat der pianobaséierter Schreifweis gutt iwwereneen. Eng Gittaristeplack ass dat heiten net! Mee d'Orchestratioun ass absolut fabuléis. Et ass kee Produzent kreditéiert, esou datt se en unhëlt, datt dëst zumindest zum gréissten Deel dem Durand säin eegene "Labour of Love" war.

Esou fest an traditionell des Plack an am Country Gospel a Soul verankert ass, esou stécht se och voller Iddien - Iddie vun haut, déi d'Erfarung ëmsou intensiv maachen. A Villes dovun, am Fong alles, ass einfach nëmme ganz, ganz, schéin.