Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ee Schotz Nostalgie

Leopold Hager am Gespréich

Ee Schotz Nostalgie

Iwwer 20 Joer sinn et hir, dat de Leopold Hager säi Posten als éischte Chefdirigent vum nei gegrënnte Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg opginn huet. An der Lescht war dee mëttlerweil 80-järegen Dirigent regelméisseg als "Chef invité" beim Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg (OPL). Viru Kuerzem huet hien an der Philharmonie déi 6. Symphonie vum Anton Bruckner dirigéiert. De Guy Engels huet dee gebiertege Salzbuerger getraff.

auto_stories

4 min

(Foto: © Casa da Música / João Messias)

Wéi dee fréieren RTL-Orchester 1996 als OPL an déi ëffentlech Hand iwwergaangen ass, huet de laangjärege Chefdirigent Leopold Hager nach d'Transitioun matgemaach, éier en an der Wiener Volksoper eng nei Aufgab iwwerholl huet. Den Dirigent ass ee Stéck vun der Biographie vu ville Museker, déi haut nach am Orchester aktiv sinn. Viru sengem rezenten Optrëtt an der Philharmonie, gouf nämlech op de sozialen Netzwierker ee Video vun enger Spuenien-Tournée an den 80er Jore gepost.

De Leopold Hager kann sech där Nostalgie net ganz entzéien. „Haut spillen am Orchester nach 27 Museker, déi ech selwer engagéiert hunn. Ech freeë mech drop, leit erëm ze gesinn, mat deenen ech laang zesummegeschafft hunn.“ Déi enk Verbonnenheet huet awer net direkt een Afloss op d’Prouwen, well jo antëscht och vill nei Gesiichter am OPL sëtzen. „Et kann natierlech sinn, datt een, dee mech kennt, engem anere seet, wéi ech schaffen.“, mengt de Leopold Hager. „Ech weess, wat d’Leit kënnen.“

Iwwer 20 Joer no senger Zäit zu Lëtzebuerg kuckt de Leopold Hager aus der Distanz op den OPL. Den Orchester hätt sech ganz gutt entwéckelt, ass säi Constat.  Generell hätten sech d’Orchester an deene leschte Jore staark verjéngt. Déi nei Generatioun wier technesch exzellent forméiert, et géif allerdéngs munnech Defiziter a punkto Musikalitéit. Hei hätt déi eeler Generatioun ee Virsprong. Um Enn ass et jo och esou, datt een Dirigent an de prouwe vill léiwer iwwert Musek an Interpretatioun schwätzt, wéi sech mat spilltechnesche Froen ze beschäftegen.

Wiener Klassik als Basis

Ee vum Leopold Hager senge Successeure beim OPL sot eemol, datt d’Wiener Klassik d’Grondlag vum Orchesterspill wier – eng These, där de Leopold Hager zoustëmmt. „Bei Haydn a Mozart gëtt et keng Ausrieden. Et ass déi Musek, déi een sech erschaffe muss! Bei der Wiener Klassik passen Technik a Stil perfekt zesummen“ D’Romantik, d’Musek mat de grousse Gefiller wéi bei Mahler oder Bruckner kéim da vum selwen.

De Leopold Hager fënnt et wichteg, ze verstoen, wat de Komponist wollt. Dat heescht awer net, datt hien ee Frënd vun der historescher Opféierungspraxis ass. „Am Fong weess jo keen, wéi et deemools richteg war“. An der Zäit wieren d’Säll vill méi kleng gewiescht. „D’Musek ass net esou opgeblose ginn, wéi mer dat haut maachen.“ Et wier evident, datt een op Originalinstrumenter och matt der entspriechender Technik spillt. Et wier och schéin, wann  d’Musek richteg lieft, „mee een Toun ouni Vibrato, domadder kann ech näischt ufänken.“

Ausserdeem mengt de Leopold Hager, datt déi ganz Saach ausenaner drift. „Mir spille vläicht esou, wéi et virun 200 Joer war, an da maache mer z.B. an der Oper radikal zäitgenëssesch Produktiounen. Do passt näischt méi zesummen.“ Dobäi kéim, datt d’Symphonieorchesteren hire Repertoire verléieren, well Villes vu spezialiséierten Ensemblen iwwerholl géif. „Fir een Orchestermuseker ass dat frustrant.“

Mozart am Blutt

Als gebiertege Salzbuerger huet de Leopold Hager eng ganz besonnesch Relatioun mam W.A. Mozart. „Wann ee sech bis a seng Musek verléift huet, da léist en een ni méi lass!“ Haut géif en leider nëmmen nach wéineg Mozart dirigéieren, well d’Spezialisten dat iwwerholl hätten. „Ech hu gären Orchesteren, déi op den Instrumenter vun haut, d’Musek vu virun 200 Joer schéi spillen.“

Am Ablack sinn d’Romantik an d’Spéitromantik de Repertoire, an deem sech de Leopold Hager beweegt. An der Philharmonie huet en dem Anton Bruckner seng 6. Symphonie dirigéiert – ee Komponist, deen him och als Organist besonnesch no steet. „Ech hunn am Stift St. Florian oft um Bruckner senger Uergel gespillt.“  Villes a senge Symphonië géif sech gutt vun der Uergel op den Orchester ëmsetze loossen. „Et héiert een dat vollt Wierk an och d’Manualwiesselen am Orchester – esouguer an de Pausen.“ De Leopold Hager schätzt dem Anton Bruckner seng Musek och, well se – grad ewéi dem Schubert seng – staark vun der jeeweileger Landschaft geprägt ass, wou d’Komponiste gelieft hunn. „Schubert a Bruckner sinn äerdverbonnen!“

De Guy Engels am Gespréich mam Leopold Hager: