Radioen

On air

Trendscheif  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Ee Stéck Musek, dat bei engem bleift"

The Jesus and Mary Chain am Atelier

"Ee Stéck Musek, dat bei engem bleift"

Bei hirem Duerchbroch an den 80er Jore waren The Jesus and Mary Chain als Enfants Terribles bekannt. Dat huet mat hirem Bandnumm ugefaangen - anscheinend e Witz op eng Kette mat Jesus a Maria Amulett, déi ee konnt op engem Pak Früstücksflacke gewannen. Weider goung et mat hiren Optrëtter, fir déi si oft esou a Verspéidung waren, datt hir ongedëlleg Fans handgräiflech goufen. Den 21. November, e Sonndeg an enger Woch, sinn déi schottesch Indie-Legenden am Atelier zu Besuch. Den Jim Reid, ee vun deenen zwee Bridder, déi d'Band gegrënnt hunn, erënnert sech um Mikro vum Marc Clement, an erzielt, firwat et och haut nach ëmmer flott ass, als The Jesus and Mary Chain Musek ze maachen.

auto_stories

3 min

The Jesus and Mary Chain: "An den 80er war et wierklech einfach fir eis, den antisepteschen, sterille Museksbusiness vun deemools virun de Kapp ze stoussen", esou den Jim Reid, deen d'Band 1984 mat sengem Brudder William an d'Liewe geruff huet. "Jiddereen dee komm ass, a sech net nom Reegelbuch vum Showbusuiness beholl huet, huet d'Leit scho géint de Pelz geheemelt. Am Ufank hu mir dat schonn e bëssen aus Spaass gemaach, an och e bëssen express. Mee et ass och wouer, datt mir nei do ukomm waren, D'Mary Chain war eis éischt Band. Mir hunn d'Weis missten iwwer dem Spille léieren, an dee Chaos, dee mir deemools verursaacht hunn, hat och domat ze dinn, datt mir einfach vun Tuten a Blose keng Anung haten.

Déi sougenannte "Riot Schows", un déi ech mech erënneren, koumen esou zustanen, dass mir an eiser Loge souzen, fir eis fir de Concert a Stëmmung ze bréngen. Dobäi hu mir eis ëfters eng kleng ugestréckt. Mir hu guer net gemierkt, dass mir schonn eng Stonn ze spéit ware fir eisen Optrëtt. De Mann vun der Venue ass ëmmer erëm erakomm a sot eis, d'Leit géifen drop waarden, dass mir op d'Bün kommen. Mir soten him, jo, a 5 Minutte si mer do, an nach e puer Stécker Musek gelauschtert an e bësse gedronk. Wou mir du schlussendlech erauskomm sinn, wollten d'Leit eis a Fatze rappen, an dat ass zu enger grousser Kläpperei ginn. Et war net mat Absicht, och wann et réckbléckend onglécklech war. Mir hate keng Anung, mir hu geduecht, mir sinn an enger Band, mir kënne maachen, wéi mir wëllen. Mee mir hunn dunn op di haart Manéier misse léieren, dass dat net ass, wéi et funktionéiert."

Marc Clement: Huet "The Jesus and Mary Chain" och 2021 nach ee Mission Statement?

"Elo sinn d'Saachen anescht. Mir ware jonk a wollten d'Musekszeen fir ëmmer veränneren. Mir waren hoffnungslos naiv. Mir hu se fir ëmmer verännert, op eis Manéier, mee net wéi mir gewollt hätten. Eis geet et elo duer, Musek ze maachen, mat där mir zefridde sinn a fir déi mir eis gutt fille kënnen."

Wat muss Musek hunn, fir dass se Iech zefridde mécht?

"Et muss eppes sinn, woufir ee sech och an e puer Joer net schumme wäert. Et ass wéi wann een e Bild moolt. Duerno steet ee virdrun an et seet ee sech: at hunn ech gemaach, an et ass ee stolz. Wann dat net de Fall ass, dann hätt et einfach ni sollen erauskommen.

Ech wëll dem Public ee Stéck Musek ginn, dat hinnen eppes bedeit. Et ass mir net wierklech wichteg, ob den Nolauschterer den Text esou versteet, wéi mir e gemengt hunn. Mee et kann näischt sinn, wat aus engem Radio kënnt a wat een zwou Minutten drop erëm vergiess huet. Ech wëll de Leit Musek ginn, déi bei hinne bleift, villäicht fir Joren, hoffentlech fir de Rescht vun hirem Liewen. D'Leit hunn eis Bréiwer geschriwwen, fir eis ze soen dass "Psychocandy" de Soundtrack vun hirem Liewe war, an dat ass een erstaunlecht Kompliment. Ech gesinn net, firwat mir net kënnen domat weiderfueren. Och wann et net fir eng Millioun Leit ass, mee just fir zéng, dann ass dat schonn eppes. D'Welt huet sech grujeleg verännert an deene leschte Joren, an ech free mech drop, erëm Concerten ze spillen. Ech maache mer och Suergen, mee ech sinn am Allgemenge frou. Ech sinn nach ëmmer depriméiert iwwert de Brexit, mee wat soll et, d'Welt dréint weider. Ech hoffe just, jidderee bleift op der sécherer Säit a kee kritt Covid wéinst engem vun dëse Concerteen."

The Jesus and Mary Chain spillen den 21. November am Atelier.