Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Mëttespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ee Symbol vun der Jugend

Claire Laffut - Bleu

Ee Symbol vun der Jugend

Déi belsch Sängerin Claire Laffut huet de Freideg hiren Debut Album erausbruecht. "Bleu" ass eng Rees duerch der Kënschtlerin hir dräijäreg Musekskarriär - et geet vun Indie bis Dance-Pop, mat Perkussiounselementer a kloer feministeschen Aussoen. Eise Korrespondent Léonardo Kahn huet d'Claire Laffut um Dag vun hirer Release zu Paräis getraff.

auto_stories

5 min

Zanter 2018 ass d'Claire Laffut an der Variété Française eng kleng Berüümtheet, ouni jee en Album verëffentlecht ze hunn. Dofir, datt sech de Freiden hire Statut als Musekerin sech mat engem Debutalbum konkretiséiert, ass se onerwaart calme.

"Bleu" hätt scho virun engem Joer erauskomme kënnen, erzielt d'Kënschtlerin, mee si hätt net wëllen den Album verëffentlech, ouni kënne Leit ze begéinen. Dofir hätt si drop gewaart, datt een erëm Concerte kéint maachen a fir d'Rentrée 2021 hätt si hiren Album du verëffentlecht.

Dräi Joer, 13 Lidder, fënnef Singelen

2018 huet hier EP "Mojo" der Sängerin eng Bün bannent der Varieté Fançaise erméiglecht. Dräi Joer huet d'Sängerin zanterhier un hirem Album "Bleu" geschafft - 13 Lidder, dorënner fënnef, déi si scho virdrun als Singel oder an enger EP verëffentlecht huet.

Och vun hirem Erfolleg vun 2018, dem Song "Vérité", konnt si sech net trennen:

Déi aner aacht Lidder distanzéiere sech staark vum Indie-Sound an orientéiere sech éischter a Richtung Dance-Pop à la Dua Lupa, eng brittesch Kënschtlerin, déi zanter engem Joer am Radio erop an erof leeft. De Genre-Wiessel läit wuel engersäits dorunner, datt d'Claire Laffut elo vun Universal Music produzéiert gëtt.

Fir déi 27 Joer al Sängerin ass "Bleu" awer éischter Symbol vun hirer Jugend. Blo ass och d'Faarf vun hiren Hoer, an am iwwerdroene Sënn vun hire Narben a vun hirer Léift, sou d'Sängerin:

"Il y a cette expression en Belgique, qui dit "je suis bleue de toi", ça veut dire je suis amoureuse de toi. Peut-être vous connaissez pas au Luxembourg, mais c'est une super belle expression. Et on fait ça résume toutes ses années, où je suis arrivée à Paris et j'ai pensé que j'étais une grande, bien que je n'étais vraiment qu'une bleue. Peine de cœur, les gens chelou. J'ai compris que cet album, ce sera un peu le symbole de ma jeunesse."

Paräis kann aschüchteren. D'Iwwerwannung vun dësen Ängschte sinn am Album ëmmer nees Thema, sou wéi am Lidd Vertige:

Mee trotz der Rivalitéit tëscht Bréissel a Paräis, verschléit et vill belsch Museker a Frankräich a besetzen hei eng remarkabel Platz an der Musekszeen. D'Claire Laffut erkläert wisou:

"C'est vrai qu'il y a pas mal de nouveaux talents de Belgique. Moi j'ai une petite théorie: c'est que, en fait, on n'a pas trop le poids des grands artistes, genre Serge Gainsbourg, les grands auteurs de la variété française. Tu vois nous on est belge! Donc on aime bien la variété française, mais on s'embat un peu les couilles. Il y a un peu une liberté. On n'a pas une pression à la base et sa nous offre une certaine originalité."

Eng belsch Kënschtlerin, mat der d'Claire Laffut vun Ufank un vill kollaboréiert, ass d'Fotografin Charlotte Abramow. Hir Wierker si virun allem duerch d'Netflix Serie "Sex Education" an de Museksvideoe vun der Sängerin Angèle bekannt ginn - d'Angèle ass iwwregens och eng Belsch Sängerin, déi op Paräis geplënnert ass.

D'Claure Laffut beim Release vun hirem Album

D'Charlotte Abramow huet fir d'Claire Laffut den Albumcover gemaach. En Dekor aus Stären, Mound a Mier, alles a Kinneksblo gedränkt, a mattedran d'Claire Laffut, ganz entspaant. Fir d'Sängerin war dëst Kollaboratioun eng Evidenz:

"C'était un valeur sure, dans le sens où c'était quelqu'un qui voulait jamais trop me transformer, me grimer qui voulait plus de poésie que de sexiness et en fait ça fait du bien de ne pas être sexualisée dans la musique dès qu'on est une meufe. C'est un peu le piège."

Eng Rivalitéit

De Feminismus zitt sech als roude Fuedem quasi duerch de ganzen Album - heiansdo ganz frontal a Lidder wéi Sororité, an heiansdo méi ënnerschwelleg. Feminismus, Belsch, Varieté Française - dat kléngt jo eigentlech no enger Kopie vum Angèle, am frankophone Raum wuel eng vun de wichtegste feministeschen Ikonen.

Dëse Verglach geet der Claire Laffut selbstverständlech op de Su:

"Dès qu'on me présentait c'était: Oh, la rivale d'Angèle, et tout. Enfin, franchement, j'ai compris qu'on me mettait une rivalité que je n'ai pas choisi, que je n'ai pas créé, qui était souvent venu des hommes, qu'en fait moi je n'ai rien demandé, genre, moi je la kiffe Angèle, on n'est pas en rivalité, on est deux nanas belges, ok mais franchement, stop quoi, et je pense qu'on fait moins ça entre les hommes."

Dëst Rivalitéit ënner Fraen attackéiert d'Claire Laffut an hirem Lidd Sororité, d'eigentlecht Häerzstéck vum Album.

"Donc j'ai commencé par sororité, parce que pour moi le féminisme c'est évidemment l'égalité entre homme et femme mais c'est surtout la perception qu'on a de femme à femme, ça commence par-là, donc Sororité c'est l'abandon de ma rivalité et déclaration d'amour aux femmes."

Den Album am grousse ganzen ass immens radiotauglech. Vläicht hat Universal Music e gréisseren Afloss op d'Claire Laffut, wéi se et am Interview gären zougëtt. Hir Texter iwwerzeegen, u lyrescher Kompetenz feelt et der belscher Sängerin net. Mee d'Melodië sinn dacks simpel, d'Struktur vun de Lidder dacks linear. Dat trëfft ënner anerem och op d'Lidd Sororité zou.

Mee an anere Lidder schéngt nees déi belsch Originalitéit duerch, vun där d'Claire Laffut am Ufank vum Interview schwäermt an déi Sie als Sängerin an éischter Linn bekannt gemaach huet.