Radioen

On air

De Weekend  |  Tagua Tagua - Pra Trás

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Een Album, deen den Esprit vum Moment afänkt

The Good, The Bad & The Queen - Merrie Land

Een Album, deen den Esprit vum Moment afänkt

Den Damon Albarn ass mëttlerweil jiddwerengem ee Begrëff, dee sech fir Popmusek interesséiert. No sengem Succès mat Blur hat hie Succès mat Gorillaz. Heiansdo vergësst ee säi Projet The Good, The Bad & The Queen. Déi Band huet elo passend zu den aktuellen Diskussiounen e Brexit-Album erausbruecht.

auto_stories

3 min

Et ass den Ament ganz roueg mat neier Musek. Um Enn vum Joer gëtt wéi gewinnt zeréckgekuckt a Best-Of Lëschte compiléiert. Dofir gëtt et dës Woch en Album, dee schonn am November erauskoum. En ass nämlech richteg gutt, a passt an déi aktuell Brexit-Debatten.

Fir de Kader ze setzen: The Good, The Bad And The Queen ass eng Supergroup mam Damon Albarn, dem Paul Simon, Bassist bei der Kult-Punkband The Clash, dem fréiere The-Verve-Gittarist Simon Tong an der Afro-Beat Legend Tony Allen un den Drums.

2007 hat de Quartett en éischten Album mam Titel "The Good The Bad And The Queen" erausbruecht. Produzéiert war den Disk vum Albarn a vum Dangermouse. D'Band hat deemools nach keen Numm. Mëttlerweil heesche si ebe wéi deen Debut Album.

Deen Neien ass wesentlech méi spannend wéi deen Éischten. "Mir wollten en Album maachen, dee schéin a beweegend ass, an deen den Esprit vum Moment capturéiert", sou den Damon Albarn rezent an engem Interview mat Channel 4 News. Hie vergläicht d'Stëmmung a Groussbritannie mat engem schlechten LSD-Trip op enger Kiermes op engem Pier, deen am gaangen ass an d'Waasser ze falen.

Den Damon Albarn als engagéierte Sänger ass näischt Neies. Wat op "Merrie Land" an d'Ouer stécht, sinn d'Bléiser a Sträicher, déi bewosst an enger britescher Traditioun vu psychedelesche Rockbands gehale sinn. D'Referenze gi ganz bold bis bei Pink Floyd an d'Beatles.

Wat "Merrie Land" donieft absolut lauschterenswäert mécht, sinn déi originell a knachendréche Grooves vum Tony Allen an dem Paul Simon. Deen Éischten denkt gär ëm den Eck a setzt Akzenter do, wou se fir den allgemenge Pop-Gebrauch ongewinnt an dofir opreegend sinn. Deen Zweete bréngt säin Dub-Baggage mat an d'Spill.

Am Queeschschnëtt bitt dat Konstrukt eng schéi Metapher fir Groussbritannien: Dat uewendrop, wat an d'Ouer stécht ass very british, gedroe gëtt et vun engem staarken, multikulturelle Follement.

"Merrie Land" vun The Good, The Bad and The Queen ass en Album, deen an där éischter Halschent kuerzweileg an op de Punkt ass. An där zweeter Hallschent schëtt de Super Group da leider zimlech vill Waasser a säi Wäin.

"Merrie Land" wäert et wuel op keng Best Of Lëschte packen, awer en ass fir sech eng Zort Joresréckbléck iwwer d'Stëmmung a Groussbritannien am Joer 2018.