Radioen

On air

Resonanzen  |  D'Constanze an de Mozart

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Een Hoer ewech vum Gedanken, vum Gefill

An der Rou läit d'Kraaft

Een Hoer ewech vum Gedanken, vum Gefill

Texter, déi ee bei den Träipen huelen. Eng Stëmm, déi groussen Drama vermëttelt, ouni groussen Ego. Esou kennt een de Mark Hollis, deen 1998 säin eenzege Soloalbum erausbréngt, éier hie sech fir ëmmer aus der Musek zeréckzitt. Mam Argument, datt ee gudde Papp net op Tournée geet. "Mark Hollis" feiert säi 25. Gebuertsdag.

auto_stories

3 min

Foto: Wikimedia Commons

Dem Mark Hollis seng Stëmm war eng Kraaft vun der Natur op deenen éischten Talk Talk Hitsingelen, "It's A Shame", oder "Like's What You Make it", bal wéi ee Ruff an d'Welt eran. Iwwert seng Sängerkarriär allerdéngs gëtt se ëmmer méi dynamesch, an dofir op wäite Strecke immens lues agesat.

Dëst gëllt fir säi Soloalbum ganz besonnesch. Onageschränkt vun haarde Synthesizer, mat deenen et matzehale géing, haucht den Hollis tëscht zwou Pianosnouten, oder deet seng Stëmm mat engem Haut-Bois zesummekléngen. Ausschlaggebend fir d'Wierkung vun deser Plack ass hir Intimitéit. Déi ass esou plakeg a staark, dass esouguer den Hollis selwer sot, seng Plack wier net gemaach, fir Live gespillt ze ginn. Onméiglech wier et net - grad well d'Plack extrem live kléngt, esou wéi déi Momenter, déi am Studio tëscht de Museker geschitt wieren, present géinge bleiwen an der Opnam.

Esou vill Gaaschtmuseker wéi op deene leschten Talk Talk Placken hat den Hollis verflicht, an dach sinn et säi Piano a seng Stëmm, déi dat schloend Häerz vun dëser Musek bilden. An Häerz ass dat richtegt Wuert, well de Fächer vum Gefillsausdrock geet bis zum tatsächleche Kräischen, op e puer besonnesch duusse Momenter.

D'Faarf vum Fréijoer... a frësch Takes

Wann den Hollis awer seng Stëmm hieft - wéi op eisem Extrait vun haut beim Satz "soar the bridges I burnt before", also Fléien iwwer Brécken, déi hie virdrun hannert sech verbrannt hat, kann een net anescht wéi extrem beweegt ze sinn.

Egal, wie mat him spillt, op "Mark Hollis" ass de Museker eleng am Espace, an zaubert quasi Kläng an d'Eidelt eran.

Wärend de laange Studio Sessioune fir sai Soloalbum huet de Mark Hollis akustesch Instrumentatioun an de Vierdergrond gestallt an d'Ophueltechnik op ee Minimum reduzéiert:

"Mir hu just zwee Mikroe benotzt," sot hien dem Magasinn Music Minded. "Mir hu laang nom richtege Gläichgewiicht gesicht. Ophuelen a senger rengster Form, wéi an de gudden alen Deeg. Ech sinn immense frou mam Charakter an der Ëmsetzung vun akusteschen Instrumenter. Ech wollt, dass seen d'Akustik vum Raum héiert - d'Produktioun huet an dësem Fall doranner bestanen, d'Museker ze entspanen an hinnen eng Chance ze ginn, hir eegenen Interpretatiounen ze fannen."

Schwanegesang

Den ambitiéise Postrock, deen Talk Talk op hire leschte Placken aus Stonne vun improviséiertem Material gewieft hu wei een Duch, gëtt um Mark Hollis sénger Soloplack net onbedéngt weidergefouert. Vill méi gêtt en op sai Wesentlechst reduzéiert, a gëtt domat scho bal rëm zum traditionelle Songer-Songwriter Material, benotzt d'Mëttele vu Folk, Ambient, Chamber Pop, Klassik an Jazz. D'Wäisheet, d'Kreativitéit an d'Spuersamkeet sinn et, déi der Plack hir Kraaft ginn, net de Fakt, dass den Hollis d'Rad nei erfonnt hätt. Seng Philosophie vu "manner ass méi", datt dei eenzeg Nouten déi gespillt ginn och déi sinn, déi eppes heeschen an eppes ma, ass dem Mark Hollis seng perséinlech Hannerloosseschaft, wait vun den Ambitioune mat der Band. Seng Idoler Miles Davis an John Coltrane hunn des Plack gespenstesch mat him geschriwwen, am Platz d'Kolleege vun der Band.

De Mark Hollis sollt no dëser Plack kee Album méi maachen, bis zu sengem Doud am Alter vu 64 Joer de 25. Februar 2019. "Mäin Ziil war et, een Album ze maachen, deen ausserhalb vun der Zäit, wou e geschriwwen an opgeholl gouf, kënnt weider existéieren." Dat ass him gelongen. An nach eppes aneres: ze weisen, dass seen ouni vill technesch Capricen Popmusek ka maachen, déi der Dynamik vun der Klassik an dem Jazz ganz no kënnt. Plakeg, schéin, a poignant ass de Mark Hollis mat dëser Plack der Musek abhande komm.