Den Teo Gheorghiu gräift de romanteschen Topos vum Wanderer op a verpaakt en an deem kommerziell méi attraktiven Titel „Excursions“. Dat sinn awer déi eenzeg Konzessiounen, déi de Pianist mat de rumäneschen Originen un de Marketing mécht. Obschonns de Gheorghiu eréischt 23 Joer huet, ass e scho längst aus der musikalescher Pubertéit eraus.
Kee romantescht „Stürmen und Drängen“, keen onrouegt Wandere schläicht sech a seng Interpretatiounen. De Gheorghiu ass een Introvertéierten, de Wanderer, dee verlaangert, dee sicht an onsécher ass. Dat Ganzt presentéiert de Pianist mat kräftegem, romantesche Klang. Am Franz Schubert sengen Impromptus geet de Gheorghiu éischter Stëmmungen no, schaaft Atmosphäre an enger Musek, déi vill méi Reflektioun ewéi Ausdrock ass.
Zwee Liszt-Wierker
D'Lecture vum Liszt sengen Années de Pèlerinage si verdreemten, romantesch Schwärmereien an der Vallée d’Obermann. Um Enn vum Programm steet dann nach eng ganz lieweg, frësch Prestatioun vum Liszt senger Orchesterversioun vun der Schubertscher „Wandererfantaisie“. Hei kann den Teo Gheorghiu sech op déi sécher Begleedung vum Douglas Boyd an dem Musikkollegium Wintherthur verloossen. De Franz Liszt, selwer een Tastenhengscht, wollt aus dësem Wierk kee Virtuosestéck maachen, an den Teo Gheorghiu léist sech och net drop an, fir um Piano ze paradéieren, mee spillt d’Wierk mat der néideger Sensibilitéit.