"Lagerkultur wëllt konschtiwwergräifend schaffen an d'elektronesch Musek doduerch promouvéieren, datt mir si mat anere Forme vu Kultur associéieren." Dat war dem President vu Lagerkultur Philippe Hoffmann och bei der Compilatioun wichteg. Dës wäert live DJ-Sets, an enger Form oder enger anerer, mat sech bréngen.
"Mir sinn amgaang no Konzepter ze sichen, fir d'Mesurë wéinst Covid-19 ze respektéieren an trotzdeem eng beschtméiglechst Experienz ze bidden."
D'Compilatioun ass op Bandcamp unzelauschteren an ze kréien.