Radioen

On air

Metal Meltdown  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Elektronesch, mysteriéis, komesch a verspillt

Slumbergaze

Elektronesch, mysteriéis, komesch a verspillt

Den Eric Juncker seng zweet Single "Shade Plant" dréint ëm eng onscheinbar Hausplanz, déi et trotz allem fäerdeg bréngt, sech an engem Dschungel vu wonnerschéine Bléien duerchzesetzen. De Philippe Hansen wollt méi wëssen.

auto_stories

1 min

Elektronesch, mysteriéis, komesch, verspillt a mat vill Géigesätz verbonnen. D'Musek vu Slumbergaze ass duerch déi sëllegen Aspekter schwéier ze definéieren.

Als Multi-Instrumentalist zéckt den Eric Juncker net Noute vu senger eegener Bassgittar mat anzebauen. E Slumbergaze-Tune besteet net nëmmen aus digitale Sampelen. D'Harmonie entsteet eréischt wann d' Melodie an all minimalistesch Geräischer hir Plaz fonnt hunn.

De ganzen Interview mam Eric Junker lauschterenplay_arrow