Radioen

On air

Tockcity  |  Nia Archives - Cards On The Table

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eleng mam Vibraphon

Pascal Schumacher

Eleng mam Vibraphon

Sol - esou heescht dem Pascal Schumacher säin éischte Solo Vibraphon-Album, deen haut um Label Neue Meister erauskënnt. Säin ätheresche Vibraphon Sound gëtt op dësem unhand vun organesche Synthien erweidert.

auto_stories

3 min

De Pascal Schumacher

Den Ausléiser vu Sol geet op 2018 zeréck. Ëm déi Zäit war e mat sengem Projet "Drops & Points" ënnerwee. E Projet mat ville Leit, vill Organisatioun a vill Logistik.

Als Kontrast stoung en dunn zwee Deeg hannerteneen ganz eleng mat sengem Vibraphon zu Salzburg op enger Bün. Déi vulnerabel Situatioun hätt him eng extrem Fräiheet ginn. "D'Fräiheet fir kënnen all Moment ze decidéieren, ob ech dat Lidd méi laang oder méi kuerz spillen, eppes ewech loossen an esou virun".

Duerch déi spartanesch Formule wier och eng Intimitéit mam Publikum opkomm, déi hien immens beréiert hätt. En hätt "eng nei Léift" dee Moment a sengem Liewen entdeckt.

Eleng op der Bün

Als Perkussionist wier een och meeschtens vun anere Museker op der Bün ëmginn. Fir als Haaptinstrument Vibraphon Solo ze spillen wier deemno och net evident. "Ech soen ëmmer de Vibraphon entsprécht plus ou moins der rietser Hand vum Piano, an huet esouguer nach eng vill méi kleng Etendue. Et muss ee sech schonn iwwerleeën, wéi een e Set wëllt iwwerliewen."

D'Stécker um Album "Sol" wiere gréisstendeels Nuets doheem entstanen. Aus Improvisatiounen hätte sech lues a lues Stécker erauskristalliséiert.

Obwuel "Sol" e Soloalbum ass, héiert ee méi Instrumenter wéi just de Vibraphon. Dezent Synthie schwiewen am Hannergrond fir zemools déi héich Kläng vum Perkussiounsinstrument ze kompenséieren. De Klangspektrum auszegläiche wier wichteg, "wann d'Bäss kommen, dann di se gutt".

Live wier de Pascal Schumacher mat zwee Synthien an engem Midi-Kontroller equipéiert, fir de Vibraphon mat Loopen a Sequenzen an den déiwe Frequenzen z'erweideren.

Et héiert een op "Sol" d'Spill mat Noklang, wéi d'Nouten, d'Akkorden am Raum, ronderëmschwiewen an auskléngen. Effekter géingen do natierlech och eng Roll spillen. "Dat ass och en Deel dovunner, dee mer seet, datt ech mer zoutraue kann e Vibraphon-Solo ze maachen, datt ech weess, datt ech esou Saachen och zur Hëllef kann huelen"

Nieft dem Reverb an Delay wier och en Octaver wichteg fir nach emol dem Instrument Déiften ze ginn déi net do wieren. "Deen Environnement, deen ech mir elo geschaaft hunn, an dee mir zanter Joren am Gaang sinn esou ze verfeineren, datt en elo als Solo Sënn mécht, ass natierlech eng immens flott Spillplaz an en extreme Luxus."


Sol vum Pascal Schumacher ass haut um Label Neue Meister eraus.