Radioen

On air

Notturno  |  No Metal In This Battle - Black Lips

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ En Album, deen Hoffnung gëtt

Eng eegewëlleg Stëmm

En Album, deen Hoffnung gëtt

Authentizitéit an Éierlechkeet si Facteuren, déi mir a Popmusek sichen. Leider ass déi Authentizitéit, déi Popstaren zu Popstare maachen, eng virgegaukelt Authentizitéit. D'Macken a Feeler, déi Pop zu Pop maache si bewosst agebaut, well Pop ass e Metier, e Business.

auto_stories

2 min

D'Musek vun Ah Mer Ah Su ass erfrëschend, well si hiert Bannescht no bausse kéiert. Ongefiltert gëtt si Abléck an d'Gefillswelt vun enger schwaarzer Transfra. Si erzielt vun hirem alldeegleche Kampf an enger Gesellschaft, an där si keng richteg Plaz fënnt, déi si probéiert ofzestoussen an ze ignoréieren.

D'Songs ginn duerch dräi Interluden nach verstäerkt, an deenen aner engagéiert Transfrae vun hiren Erfahrungen a Problemer erzielen. Awer "Star" ass keen trauregen Album, well et gëtt een an den Aarm geholl.

Och wann ee keng schwaarz Transfra ass, fënnt ee sech dacks erëm um Album vun der Ah Mer Ah Su. Et ass een Album, deen Hoffnung gëtt, an enger Welt, déi ëmmer méi kal a mënschefeindlech gëtt. Et ass e Manifest fir d'Léift. Musikalesch beschreift Elektro-Pop am beschten, wat een héiert. D'Produktioun bedéngt sech Elementer aus Club-Musek, italo Disco a Eurodance.

Originell gëtt et duerch d'Kombinatioun mat der Ah Mer Ah Su hirer eegewëlleger Stëmm. Déi läit iergendwou tëscht männlech a weiblech, an ass ongeheier staark a classy.

D'Ah Mer Ah Su huet eng liicht queesch Manéier fir ze sangen, déi hir Songs nach méi spannend mécht. Grad och an den Harmonië kënnt dat gutt zur Geltung. Et kéint ee soen, datt "Star" vun Ah Mer Ah Su kitscheg ass. Ass en awer net. Et ass keen Album, dee sech ubidert. Et ass dat Éierlechst, wat ech zënter ganz laangem héieren hunn.