Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ En Album voller Hoffnung a Fantasie

Zockerséiss Pop-Konstruktiounen

En Album voller Hoffnung a Fantasie

Hanner dem Album "Utopia Teased" stécht e Mann mat enger delikater Pop-Sensibilitéit. De Stephen Steinbrink, Joergang 1988, liwwert mat senger neier Plack eng Panoplie vu genësserlechen Indie-Momenter.

auto_stories

3 min

"Utopia Teased" begléckt vun der éischter Nout bis déi lescht. Den 30 Joer jonken Amerikaner, dee wéi de Mac DeMarco mat engem Schnurres ausgesäit, huet en onwahrscheinlecht Talent fir simpel a schéi Melodien an Harmonien ze schreiwen. Déi onschëlleg Zort, déi ee vun America oder Big Star kennt. Vill Sonn a Blummen hunn et op dës West-Küst Plack gepackt.

12 zockerséiss Pop-Konstruktioune sinn op "Utopia Teased" ze héieren. Kuerz a knackeg gehalen a mat klengen Iwwerraschunge verziert. D'80er an 90er setzen den Toun fir dës charmant bedroom Produktioun. Evokativ analog Synthië klénge melancholesch mat. Verspillte Beats, déi mat enger primitiver Drum machine generéiert goufen, setzen Akzenter. Holpreg Bass-Linne ginn deem Ganze Swing, an dobäi huet de Stephen Steinbrink eng ongenéiert Léift fir schmalzeg Lead-Gittarsharmonien:

En trageschen Ursprong

Dir hutt verstanen, de Stephen Steinbrink ass e bëssen e Nostalgiker. Mee den Ursprong vu sengem neien Album "Utopia Teased" ass eng Tragedie. 2016 war zu Oakland a Kalifornien e Gebai vun engem Kënschtler Kollektiv ofgebrannt. 36 Mënschen hunn dobäi hiert d'Liewe verluer. Dorënner och Kolleege vum Stephen Steinbrink.

Dem Pressecommuniqué no huet de Museker doropshin e Synthie kaf, LSD geholl a sech a säin Zëmmer agespaart, fir un enger neier Plack ze schaffe fir den Trauma ze verdauen. D'Resultat héiert sech awer net morbid oder deprimant un. Eng séiss Melancholie ëmwéckelt éischter d'Plack.

Och wann den Ursprong vill mat Zynismus ze dinn huet, stécht vill Hoffnung a Fantasie an dem Stephen Steinbrink senge Kompositiounen. Et kéint ee scho bal soen, datt déi bont Poplidder karthagesch wierken.

"Utopia Teased" huet eppes Magesches, mat Referenzen op d'Kandheet, wou et méi einfach war, d'Welt onschëlleg an enigmatesch ze betruechten. Dreem a Realitéitsschwankungen dauchen an dem Stephen Steinbrink senge Lidder op, hie beschäftegt sech mam Sënn vun allem. Mee et bleift eng Perspektiv vun engem Erwuessen, deen iwwer déi verlueren Zäit reminiszéiert an no vir kuckt.

"Utopia Teased" portraitéiert keng Utopie a bleift a kengem Idealismus hänken, mee gëtt engem vill lackeleg Melodien an Harmonië mat op de Wee, déi un d'Séil ginn an erëm e bësse Faarf an de groen Alldag bréngen.