Radioen

On air

Notturno  |  Le Vibe - Desert Rush

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Neil Young & Crazy Horse - Barn

Album vun der Woch

Neil Young & Crazy Horse - Barn

Véier eeler Häre ginn an eng Scheier aus dem 19. Joerhonnert fir en Album opzehuelen. D'Resultat ass en authentescht Stéck Musek, dat duerch säi réie Charme ze iwwerzeege weess.

auto_stories

2 min

Den Neil Young huet 76 Joer, den Drummer Ralph Molina an de Billy Talbot hunn der 78, an de Gittarist Nils Lofgren huet der 70. Datt op hirem neie gemeinsamen Album vill Nostalgie matschwéngt, ass eng Evidenz.

Awer wéi gewinnt geet den Neil Young och op Aktualitéitssujeten an. Op "Human Race" setzt hie sech mam Klimawandel auserneen. "Wie wäert de Kanner erzielen, datt mir net probéiert hu fir d'Welt ze retten?", freet hien.

Lieweg Legenden

Och déi amerikanesch Politik ass nees e Sujet. Den Joe Biden wier "säi Mann", sou den Neil Young, dee jo eigentlech a Kanada gebuer ass. Sech selwer bezeechent hien awer als "Canarican". "Ech sinn an de Süde gaange fir an enger Band ze spillen..." - déi Band war Buffalo Springfield.

Scho kuerz drop huet den Neil Young mat Crazy Horse Musek gemaach. Dat war 1968. 53 Joer méi spéit rocke si nach ëmmer zesummen. De Sound ass a bleift onverkennbar. De Gesank an d'Gittare stinn ëmmer mat engem Fouss an der Dissonanz.

An der Scheier

Opgeholl gouf den Album an enger Scheier an de Rocky Mountains aus den 1870er Joren. Et war am 19. Joerhonnert e Stopp fir d'Postkutschen, wou Reesender dra konnten iwwernuechten.

D'Scheier ass aus décken, réie Bamstämm gebaut, tëschent deene Sputt ass, esou datt Loft a Luucht vu baussen eranzitt. Genee sou kléngt d'Musek och op "Barn", lëfteg a rau an ongehuwwelt. An enger Zäit, wou vill Kompositiounen duerch Editéieren entstinn, ass dat eng erfrëschend Qualitéit vum Album.

D'Scheier mécht sech awer och um Klang bemierkbar. Reflektioune vum Toun op glate Flächen aus Glas, Bëtong oder Holz, wéi se a Reim a Studioen üblech sinn, ginn et hei keng. Dofir kléngt alles ganz direkt - bal wéi wann een dobausse wier.

D'Alterswierk vum Neil Young kënnt natierlech net u seng aflossräich Albumen aus de 70er Joren erun. Awer déi véier Museker proposéieren en éierlecht Stéck handgemaache Musek, dat virun allem bei deene rockege Momenter wéi "Heading West" oder "Human Race" mat sengem réie Charme iwwerzeegt.