Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ En erwuessene Projet

Rocko Schamoni - Musik für Jugendliche

En erwuessene Projet

Mat Musik für Jugendliche mécht een direkt eng ganz Rei Associatiounen, awer sécherlech keng mat engem 53 Joer jonken däitschen Entertainer. Esou al ass nämlech de Rocko Schamoni. An deen huet elo - mat sengen 53 Joer - en Album mat deem Numm erausbruecht. "Musik für Jugendliche" ass den Album vun dëser neier Woch an den Tom Dockal stellt e vir.

auto_stories

3 min

"Leben heißt Sterben lernen." Mat deenen Wierder huet de Rocko Schamoni virun zwielef Joer säi leschten Album mat eegene Songs ugefaangen. Den Hamburger Schamoni - wuertwiertlechen Iwwerliewenskënschtler, méi psychologesch wéi finanziell huet zënterhier ee Projet nom aneren nogeworf, Dräi Romaner, d'Bijou-Kollektioun Scheisse by Schamoni, Fraktus, eng falsch Elektroband mat him a senge Frënn Palminger a Strunk vu Studio Braun, mat deenen hien och vill Theater gemaach huet an dann natierlech Die Vergessen, dem Rocko säi Coveralbum a ganz perséinleche Pantheon vun der däitscher Pophistorie. Hien hat zwar 2007 vum Musek-Maachen-Am-Album-Format ofgeschwuer, elo 2019 huet en awer genee dat gemaach.

Musik für Jugendliche kéint als eng Zort Suite, Verlängerung vum virdrun ernimmte Song Leben heißt Sterben lernen verstane ginn. De Rocko Schamoni, Joergank 1966, deklinéiert op deenen am ganze bal 39 Minutten vum Disque säi Verhältnis zu Doud, Liewen, Vergänglechkeet an der Iddi vun der éiweger Jugend. Musik für Jugendliche ass kee Wierk vun engem elder statesman, dee grad säin Alterswierk wëll ofginn. Ganz am Géigendeel. De Schamoni beschäftegen dës Sujeten schonn zënter Joren.

Deemools wéi haut stoungen Doudesfäll un der Wuerzel vun deenenLongplayer. 2007 war et den Doud vun der Mamm, 2019 houng iwwer der Produktioun d'Stierwen an den Doud vum Rocko sengem Papp. "Ob das Liebe oder Wahnsinn ist, ich weiß es nicht. Doch glaub mir, ich seh' überall nur dein Gesicht", séngt hien um Song Dein Gesicht. Déi wuel frontaalsten an onverblimmsten Ausernanersetzung mam Verloscht vum Papp an dem Vermësse-Gefill vum Schamoni. Den Hommage un de kierzlechst verstuerwenen Talk Talk Sänger Mark Hollis - Held vum Schamon - gehéiert do sécherlech an déi Lignée.

Den Hamburger Pendant zum Bryan Ferry

"Die Freiheit, sie wird alt in deinen Haaren. Die Jugend, sie verfließt in deinem Blick", kléngt de Schamoni um Song méi spéit un. "Auf dem Weg hinab triffst du alle noch einmal, sie gehen den selben Weg vom Berg hinab ins Tal", nach méi spéit. Wéi schons gesot, de Rocko huet net elo eréischt no der 50 Joer Mark den Alter entdeckt. Hien ass zënter Laangem deen - entre guillemets - Aale gewiescht, wann een et plomp formuléiert. Manner plomp wier: de Schamoni, den Entertainer Schamoni ass den Hamburger Pendant zum Bryan Ferry, deen zënter Joerzéngten e Kostüm unhuet an deen den Orchester fir sech entdeckt huet.

Mutt zur Nostalgie

Am Gespréich um Deutschlandfunk huet de Schamoni ganz rezent iwwer den Afloss vum Manfred Krug op seng eege Musek geschwat, virun allem dem Krug säi Sound an de fréie 1970er ass de Schlëssel zum Versteesdemech zu Musik für Jugendliche. De Krug hat de Günter Fischer a seng Arrangéierkënscht, de Schamoni huet den Orchestre Mirage. Déi natierlech net un de Groove, d'Breet an de Pomp vum Fischer kënnt, mee de Versuch ass en éierbaren an huet definitiv säi Charme. Saxofon an Thielemanns-ähnlechen Mondharmonika Solo inklusiv. Musik für Jugendliche ass en Album vun engem Mann, deen ouni mam Aen ze zwinkeren zougëtt, datt hien nostalgesch Tendenzen huet a gären do hänke bleiwe géif, mee dee gläichzäiteg sech a seng Musek domat och no vir bréngt. Oder et op d'mannst versicht. Seng Stëmm bleift weiderhin eng dënn, mee och dat ass a bleift all Schamoni-Fan egal. Just koum 2007 iergendwann d'Erkenntis Lieben heißt Leben lernen. Déi bleift elo 2019 aus.