De Sensu huet sech virun allem als DJ en Numm zu Lëtzebuerg gemaach. Awer och als Produzent huet hie seng Stëmm fonnt. Seng Musek ass elektronesch an abstrakt, trotzdeem geléngt et dem Kënschtler, beim Nolauschterer Biller an Emotiounen ze evoquéieren.
Am Confinement hätt hie probéiert fir all Dag en Track ze maachen. "Déi éischt zwou Woche ware meng Tracks ganz klaustrophobesch. Dat koum dohier, well ech mech doheem ganz klaustrophobesch gefillt hunn."
Hie wier e Mënsch, dee gär erausgeet, dofir hätt hien eng Zäitche gebraucht fir sech unzepassen, seet de Rafael Severi. D'Fräiheet fir zu jidderzäit kënnen een drénken ze goen oder op eng Party ze goe wier dat, wat hien de Moment am meeschte géif vermëssen.
"Technesch hunn ech immens vill geléiert. Meng Tracks ginn definitiv ëmmer besser, well ech all Owend Musek produzéieren."
Dem Sensu seng Contributioun fir Schlofzëmmerbléck kléngt awer guer net klaustrophobesch. Dat wier hien iergendwann midd gewiescht, seet hien. "Dofir duecht ech, ech géif mol eppes Optimistesches maachen." D'Iddi wier, datt et oppen a sonneg a liicht soll kléngen.
Dat ganzt Gespréich mam Rafael Severi: