Radioen

On air

Notturno  |  Michael Wycoff - Looking Up To You

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "En historeschen Ament"

Saisonsouverture an der Philharmonie

"En historeschen Ament"

auto_stories

3 min

De groussen Auditoire vun der Philharmonie (Foto: Alfonso Salgueiro Lora

An engem Gespréich a senger Loge verréit de Gustavo Gimeno, Chefdirigent vum Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg, wat hie sech vun der neier Saison erwaart. De Senior-Manager Pascal Sticklies schwätzt iwwer de Programm vum Education-Departement an der Philharmonie, an zwee Orchestermuseker kommen zu Wuert: Een, deen den Orchester verléisst, an een, deen dës Saison nei mat dobäi ass.


Nodeems d'Diere vun der Philharmonie de Summer iwwer zou waren, gëtt déi nei Saison elo mat neiem Elan a voller Energie lancéiert. Méi Tournéeën, méi CDen a e positiven Drock: "Den Orchester spiert, datt dat, wat elo passéiert, en historeschen Ament ass", verréit de Gustavo Gimeno, Chefdirigent vum Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg an engem Loge-Gespréich mam Guy Engels.

Gustavo Gimenoplay_arrow


De Pascal Sticklies ass de Senior-Manager vum Education Departement vun der Philharmonie. Am Interview schwätzt hien iwwer den Education-Programm, d'Gewiicht vu sengem Departement an der Programmatioun vun der Philharmonie, a wéi e Bezuch zur Musek iwwer Kannerconcerten entstoe kann.

Pascal Stickliesplay_arrow


Zanter engem Joer well spillt de Cornist Andrew Young am Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg. Mat der neier Saison geet seng Proufzäit elo op en Enn an hie gëtt definitive Member am OPL. De Guy Engels huet sech mam jonken australesche Museker an enger Orchesterloge an der Philharmonie getraff.

Andrew Youngplay_arrow


Den Olivier Dartevelle ass den éischte Solo-Klarinettist am Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg. No iwwer 30 Joer als Orchestermuseker ass et fir hien elo un der Zäit an d'Pensioun ze goen. De Manuel Ribeiro huet mam Olivier Dartevelle iwwer seng Zäit beim Orchester geschwat.

Olivier Dartevelleplay_arrow


De radio 100,7 iwwerdréit den Ouverturesconcert vun der neier Saison e Freideg de 14. September 2018 vun 8 Auer u live aus der Philharmonie.