Radioen

On air

E-Lodie  |  Metal Meltdown

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ En intensiven Trip mam Méidrescher

Elektro-Pop

En intensiven Trip mam Méidrescher

Den John Maus ass en eegewëllege Museker. Hien huet seng Carrière an der Band vum Ariel Pink ugefaangen. Mëttlerweil huet hie sech mat sengem obskure Synth-Pop als Solo-Artist etabléiert. "Screen Memories" heescht säi véierte Longplayer. Deen huet hannert der däischterer Fassad vill ze bidden.

auto_stories

2 min

Déi vum Mënsch erbäigefouert Apokalyps ass Programm um neien Album vum John Maus. " I see the combine coming. It's gonna dust us all to nothing " séngt hien um Opener "The Combine". Dësen Track ass deen epeschtsten Titel op "Screen Memories". Mat cinematographesche Bléiser, Sträicher a Chéier laut den John Maus de Weltënnergank an.

De Rescht vum Album ass méi spartanesch orchestréiert. Et dominéiere verwäsche Synthesizeren, eng holzeg Bass-Gittar a minimalistesch Drum-Machines. Dertëschent gëtt dem John Maus seng Bariton-Stëmm ganz spuersam agesat. "Your pets are gonna die" séngt hien op "Pets", "The People Are Missing" ass déi eenzeg Zeil am Song mam selwechten Titel. Just heiansdo geet seng Stëmm op d'Rees a verléiert sech, sou wéi bei "Bombs Away". Trotz den iwwersiichtlechen Text-Zeilen an de kuerze Stécker, déi all ëm dräi Minutte leien, entféiert den John Maus op en intensiven a billerräichen Trip, dee mat Momenter net wäit vun engem Horror-Trip ewech ass.

Méi wéi just Nostalgie

Den Titel vum Album "Screen Memories" beschreift den ästheteschen Universum. Op zwielef Titelen erënnert den Artist un alles, wat an de 70er an 80er Joeren u melancholescher Musek cool war. Joy Division an den John Carpenter gi genee sou zitéiert, wéi Arpeggien aus 8-Bit-Videospiller.

Datt dem amerikanesche Museker säi véierten Album dee selwechten Dag erauskoum, wéi Netflix déi zweet Saison vum TV-Drama-Hit "Stranger Things" verëffentlecht huet, ass een Zoufall. Awer d'Musek appelléiert definitiv un déi selwecht Neuronen, déi fir Nostalgie responsabel sinn.

A genee wéi d'Createure vu Stranger Things beschäftegt den John Maus sech op enger Meta-Ebene mat senger Kreatioun. Allerdéngs net mat engem kommerziellen, mee mat analyteschen Hannergedanken. Wéi funktionéiert Pop? Wat mécht Populärmusek mat eis? Wat ass dat Magescht, wat de Klang vun dëse véier einfachen Instrumenter beim Nolauschterer ervirrifft? Den John Maus hannerfreet a liwwert Äntwerten.

Wat vläicht beim éischte Lauschtere kléngt wéi eng stëbseg Kassett vun enger obskurer Post-Punk Band, déi een um Späicher fonnt huet, ass ee vun deenen intelligentsten an agängegsten Elektro-Pop-Albume vum Joer. "Screen Memories" ass vill méi wéi en Zitat-Album mat VHS-Nostalgie. Bannent deem dach rigide Kader gëtt vill Ofwiesslung gebueden. Den Artist exploréiert d'Méiglechkeeten. A virun allem geléngt et dem John Maus nees eng Kéier, witzeg a sarkastesch ze sinn, a gläichzäiteg ënner d'Haut ze goen a ganz vill aner Emotioune beim Nolauschterer ervirzeruffen.