Radioen

On air

De Moien  |  Curtis Mayfield - Move On Up

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ En neien Open-Air-Festival?

Kinnekswiss loves ...

En neien Open-Air-Festival?

Kinnekswiss loves ... ass den Numm vum Open-Air-Festival, dee vun elo un all Joer am Summer soll sinn. Zil ass et, de Leit en einfachen Zougang zu der klassescher Musek ze proposéieren.

auto_stories

3 min

Pressekonferenz op der Kinnekswiss virun der grousser Bühn ( Foto: Alfonso Salgueiro Lora)

Et war eng gemittlech Atmosphär mat engem Picknick op der Kinnekswiss, bei deem den neien Titel Kinnekswiss loves ... an den dozou passende Logo presentéiert goufen. Virun der grousser Bühn hunn déi verschidden Acteuren iwwer de Programm, d'Iddi hannendrun an déi praktesch Aspekter geschwat. Esou wäit näischt Neies. De Gros dovunner war virdrunner well an engem Communiqué ze liesen. An trotzdeem gouf et eng Nouvelle, déi enger Sensatioun gläicht. Kinnekswiss loves ... soll och an Zukunft bäibehale ginn, a säi Fokus soll op der klassescher Musek leien. Lëtzebuerg soll also en neie Festival fir klassesch Musek kréien.

Klassesch Musek zougänglech maachen

"Dat soll schonn eppes sinn, wat perenniséiert gëtt a wat méi grouss gëtt. [...] Ech mengen, mir hunn zanter haut en neit Kand an der Famill vum LCTO, wat mir elo gäre gesi grouss ginn" seet den Tom Bellion, Direkter vum Luxembourg City Tourist Office. D'Iddi wier et, déi klassesch Musek op eng einfach Aart a Weis zougänglech ze maachen, andeems ee se op eng ëffentlech Plaz liwwert. Den Tom Bellion mengt, datt een domadder op eng Demande vun de Leit géing agoen.

E Konzept aus dem Ausland

Dëst Konzept ass net nei. De Stephan Gehmacher, Direkter vun der Philharmonie verréit, datt ee sech um Ausland inspiréiert huet:

"An alle grousse Metropolen - huelt New York am Central Park, zu Paräis um Champ de Mars, zu München um Königsplaz - wou och ëmmer Dir hikuckt, huet sech an deene leschte Joren, Joerzéngten eng Kultur entwéckelt, datt Kulturinstitutiounen eraus ginn [...], an do am Fong dat Bescht, wat si ze bidden hunn, gratis an engem Park presentéieren."

Datt et am Ausland funktionéiert, heescht net, datt dëst Konzept och zu Lëtzebuerg opgeet. Wéi et an Zukunft viru geet, hänkt vun der Publikumsresonanz of. Wann een no zwee, dräi Joer feststelle géif, datt een d'Leit domadder net motivéiert kritt, misst een et nach emol iwwerdenken. De Stephan Gehmacher gleeft awer, datt et funktionéiert.

En Zougang och fir Kanner

Klassesch Musek op enger ëffentlecher Plaz zougänglech maachen, un dat Konzept hält sech och de Stater Conservatoire. Dee proposéiert bei der éischter Editioun vu Kinnekswiss loves ... e Workshop fir Kanner tëschent sechs a siwe Joer a gëtt senge Schüler d'Geleeënheet op der grousser Open-Air-Bühn vun der Kinnekswiss opzetrieden. Als Direkter vum Stater Conservatoire huet de Marc Meyers e gudden Iwwerbléck iwwer d'Situatioun vun der klassescher Musek zu Lëtzebuerg. Reagéiert ee mat dëser Aktioun op e Besoin fir nei Schüler ze gewannen?

"Et kann ee soen, datt mir an deene leschte siwe Joer praktesch vun 2.400 Schüler op 3.400 Schüler ugewuess sinn. Mir hunn a verschiddene Fächer natierlech och Listes d'attentes, wou mir probéiere mat guddem Gewësse sou fair wéi méiglech ze tässelen. Also et ass sécher net fir Memberskaarten ze verkafen. [...] De But e Sonndeg géif ech einfach gesinn, fir der Famill, de Kanner selwer einfach Freed ze maachen, fir en einfache Wee ze proposéieren fir Kultur aktiv ze erliewen."

An Zukunft méi?

Den Ament sinn dräi Acteuren u Kinnekswiss loves ... bedeelegt: den LCTO, d'Philharmonie an de Stater Conservatoire. Mee och do denkt ee well e Schrëtt méi wäit. Et wier net ausgeschloss an Zukunft och auslännesch Ensembelen ze invitéieren an op der Kinnekswiss Saachen unzebidden, déi net onbedéngt eppes mat Musek oder Concerten ze dinn hunn, seet den Tom Bellion.


Déi éischt Editioun vu Kinnekswiss loves ... gëtt den 30. Juni mat engem Concert vum OPL zesumme mat der Mezzo-Sopranistin Elīna Garanča lancéiert. Den Dag drop ass e Workshop fir Kanner tëschent sechs a siwe Joer, an direkt duerno ass den Optrëtt vun de Pueri Cantores a vum Sinfonieorchester, dee sech aus dem Orchester de Chambre du Luxembourg a Schüler aus dem Conservatoire zesummesetzt.