Jorma-Panula-Concours En OPL-Museker an der Halleffinall

Zanter 1999 gëtt de Jorma-Panula-Concours fir Dirigenten am finnesche Vaasa organiséiert. Bei der Editioun 2018 ass de Benjamin Schäfer derbäi, deen haaptberufflech Perkussionist am Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg ass.

Luc Boentges

Benjamin Schäfer
De Benjamin Schäfer dirigéiert beim Jorma-Panula-Concours.

LB: Benjamin Schäfer, als alleréischt: Häerzleche Gléckwonsch fir Ären Optrëtt haut de Muere beim Jorma-Panula-Concours. Wéi fillt Dir Iech elo?

BS: Also ech fille mech matgeholl. Positiv matgeholl. Déi ganz Energie, déi den Orchester an d'Publikum ausstralen, huet mech beréiert an den Adrenalinschub ass natierlech immens, wann een dirigéiert.

LB: Et konnt ee sech den Optrëtt iwwer Live-Stream ukucken. Et huet een Iech am Sall stoe gesinn, hanner dem Publikum, virun der Jury, a vun do sidd Dir erop op d'Bühn gaangen - Wéi war dee Moment?

BS: Et ass een e bëssen opgereegt. Mir hunn de Strauss haut de Muere fir déi éischte Kéier gespillt, ech mam Orchester. An ech war e bëssen nervös, wéi et lafe géif. Mee ech war awer positiv iwwerrascht, wéi gutt alles geklappt huet an dat huet mech ëmsou méi glécklech gemaach. An dee Moment, wou een do erop geet ass onbeschreiflech.

LB: Dir sidd Perkussionist am Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg, dee grad op enger grousser Tournée a Spuenien ass. Wéi huet dat organisatoresch geklappt?

BS: Also ech muss dem Orchester-Management nach emol ganz häerzlech Merci soen, dee mir dat erméiglech gouf. [...] Am Mee hunn ech hinnen erzielt, datt ech eng Invitatioun fir dëse Concours hunn an ouni Problemer hu si direkt gesot: "Mir freeën eis. Mir stellen dech fräi. Hal de lëtzebuergesche Fändel héich a gëff däi Bescht."

LB: De Chefdirigent vum OPL, de Gustavo Gimeno, huet seng Carrière als Perkussionist ugefaangen - Huet hien eng Virbildfunktioun fir Iech?

BS: Ob Dir et gleeft oder net, ech hunn e puer vu senge Prouftechniken [...] och haut benotzt. An zwar freet hie ganz dacks, datt d'Blechbléiser däitlech spille sollen. A grad bei dëser Akustik hei a Finnland hu mir dat och gebraucht. Natierlech, wann ee sech dem Gustavo seng Carrière ukuckt, wéi déi ugefaangen huet, dat ass natierlech och inspiréierend fir mech. Ech appreciéieren hien als Mënsch an als Frënd an hien ënnerstëtzt mech ëmmer.

LB: Haut den Owend no aacht Auer gëtt d'Resultat vum Concours publizéiert - Mengt Dir, datt Dir et an déi nächst Ronn gepackt hutt?

BS: Ech géif mir onheemlech wënschen, datt et virugeet. Mee ech kann einfach nëmme soen: Ech war haut ganz zefridde mam Dag. A souguer wann et net géif weidergoen, gëtt et näischt ze bereien. Ech hunn am Kader vun der Virbereedung immens vill geléiert an ech hunn immens frëndlech Leit hei a Finnland kennegeléiert. De Concours war elo schonn e grousse Succès.

An der Mediathéik:

Klassik aktuell / / Luc Boentges
Lauschteren

Méi zum Thema

Anton Bruckner - Symphony No. 8 in C Minor
Klassik-CD vun der Woch

Mat der Opnam vum Anton Bruckner senger 8. Symphonie, zesumme mam Royal Danish Orchestra, kënnt den Dirigent Hartmut Haenchen no bal 20 Joer erëm bei de grousse Spéitromantiker.

Musek schenken
Ecouter pour mieux s'entendre

D'nächst Joer feiert d'Fondatioun EME (Ecouter pour mieux s'entendre) hiren 10. Anniversaire. Den Optakt vun de Feierlechkeete mécht eng nei Initiativ fir d'Adventszäit: Musek schenken.

Stravinsky
Klassik-CD vun der Woch

Mam Gustavo Gimeno als Chefdirigent huet den OPL sech an deene leschte Joren op eng besonnesch intensiv Rees beim Stravinsky seng Musek gemaach. Op dem neien Album kënnt eng Vertrautheet zum Ausdrock.

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen