Radioen

On air

De Moien  |  The Weather Station - Parking Lot

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ En Traueralbum vun der anerer Zort

Album vun der Woch

En Traueralbum vun der anerer Zort

Op "Milk For Flowers" léisst den H.Hawkline eis un senger Trauer deelhuelen. Amplaz melancholesch Klanglandschafte setzt hien awer op iwwerraschend Popmelodien a kanteg Gittaren.

auto_stories

3 min

"Milk For Flowers" heescht den néien Disk vum H. Hawkline. E krypteschen Titel, deen awer net onbedéngt als Recommandatioun un d'Hobbygäertner geduecht ass. Den Huw Evans - sou de richtegen Numm vum Kënschtler - erkläert, et wier ee flüchtege Saz, deen awer bei him hänke bliwwen ass, well en eppes ganz Mënschleches ausdréckt: an zwar datt gutt Intentiounen duerchaus negativ Konsequenze kënnen hunn. Well d'Blumme mat Mëllech nätzen, dat sollt ee léiwer net probéieren.

"Milk for Flowers" ass een Traueralbum. 2018 ass dem Huw Evans seng Mamm u Kriibs gestuerwen an op dëser Plack setzt hie sech mat dem Verloscht auserneen - mol ganz direkt a schounungslos, mol méi metaphoresch a verschleiert. Hie selwer sot, de Verloscht hätt säi Liewen an ee Virdrun an een Dono agedeelt an hien hätt Problemer gehat sech mat sengem fréieren Ech ze identifizéieren. Dat kënnt dann och an den Texter ganz gutt eraus, zum Beispill am Lidd "Suppression Street" an deem hien doriwwer séngt, d'Trauer ze ënnerdrécken an eng Mask opzesetzen.

Traureg Songs mat lockeren Upbeat-Melodien

Den H. Hawkline setzt awer ganz bewosst net op traureg Musek fir seng Texter ze ënnersträichen. Hie sot an engem Interview zum Album, datt et vill méi Effet hätt, wann een traureg oder melancholesch Songs mat liichten, lockeren Upbeat Melodien ënnerleet, well sech doraus eben esou e Spannungsfeld ergëtt an en beim Nolauschteren och mol dës Dissonanz iwwerwanne muss. Musikalesch ass den Album virun allem vu Folk, Country, Northern Soul, Rock a Pop gepräägt. Wann ee sech ukuckt, wien den Huw Evans alles als Aflëss opzielt verwonnert dat och net: Neil Young, George Harrisson oder Yoko Ono fir just e puer ze nennen. De Song "Athens at Night" ass souguer relativ discolasteg an de Museker schrauft seng Stëmm dann hei och e puer Oktaven no uewen.

Trauregkeet an Zouversiicht schléisse sech net géigesäiteg aus

"Milk for Flowers" ass schonn dem H. Hawkline säi fënneften Album. Mee bis elo ass hie vläicht méi bekannt als Studio- an Tourmuseker fir divers aner Indiekënschtler a -Kënschtlerinnen, wéi de Kevin Morby, d'Aldous Harding, den Devendra Banhart oder seng Walisesch Landsfra an eemoleg Partnerin d'Cate Le Bon - déi beim neien Album och als Produzentin am Studio souz. Wann ee genee lauschtert a sech op de Saxophon an déi kanteg Gittaren um Disk konzentréiert, ass der Cate Le Bon hiren Afloss och ganz kloer erauszehéieren, zum Beispill am Song "Plastic Man". Mat sengem neien Disk beweist den H. Hawkline, datt Trauregkeet an Zouversiicht sech net ëmmer géigesäiteg ausschléissen.