Radioen

On air

Notturno  |  Forever Pavot - La Soupe À La Grolle

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "En UFO vun engem Album"

Swamp Dogg - Love, Loss and Auto-Tune

"En UFO vun engem Album"

Déi nei Plack "Love, Loss and Auto-Tune" vum amerikanesche Swamp Dogg kléngt geckeg a klassesch zugläich. De spezielle Charme vun dësem neien Disk huet et dem Vicky Stoll ugedoen.

auto_stories

3 min

Foto: Foto: David McMurry

Erënnert Dir Iech nach un de Megahit "Believe" vum Cher, deen engem sou laang an d'Ouere gepeitscht gouf, bis en zu den Aen nees erauskoum? Dat war den éischten Hit, deen déi kënschtlech Stëmmkorrektur sou op d'Spëtzt gedriwwen huet, datt d'Stëmm vun engem Toun op deen anere gerutscht ass. Den Effekt mam Numm Auto-Tune war gebuer an ass haut net méi aus der Popmusek ewechzedenken. Vun Trap Rap iwwer Daft Punk bis Kanye West, jiddweree spillt haut mat der iwwerdriwwener Verännerung vu senger Stëmm.

"Love, Loss and Auto-Tune" ass déi mëttlerweil zwanzegst Plack vum 76 Joer alen Jerry Williams Jr., wéi de Swamp Dogg mat biergerlechem Numm heescht. An den Albumtitel mécht do kee Geheimnis draus, dee speziellen Audioeffekt kënnt bei alle Lidder op ënnerschiddlech Aart a Weis zum Asaz. Dës am éischte Moment liicht extra a friem Virstellung erweist sech no e puermol Lauschteren als Coup.
De Swamp Dogg selwer gëllt zanter 1970 als komesche Vull vum Soul a Funk an huet entretemps eng Zort Kultstatus erreecht. Seng poetesch a weird Texter hu verhënnert, datt hie bei engem méi grousse Public bekannt gouf. D'Haaptsujete vun der neier Plack ginn och direkt am Titel ernimmt: Et geet ganz klassesch ëm d'Léift an ëm de Verloscht. Duerch déi aussergewéinlech Produktioun allerdéngs kléngt dat Ganzt awer am éischte Moment wéi e musikaleschen UFO. Direkt den éischten Track ass eng Reprise vun der berühmter Nummer "Answer me, my Love" vum Nat King Cole.

E ganze Chouer vu Roboteren

Méi wéi fënnef Dekaden am Museksbiz sech natierlech bemierkbar. An der Theorie liwwert de Swamp Dogg e ganz klassesche Soul-Album of, deen allerdéngs an der Praxis mat Verfriemungseffekter versat gouf. Engersäits wier dat déi schonn ugeschwate Verännerung vun der Stëmm. Anerersäits ass et den Arrangement vu verschiddene Lidder, respektiv den Asaz vu besonnesch aggressive Synthesizer-Momenter. Dacks kléngt de Swamp Dogg duerch den Auto-Tune wéi e ganze Chouer vu Roboteren. Ganz wéi scho beim Brecht, gëtt esou eng Distanz tëschent der Konscht an dem Rezipient geschaf. De Lauschterer gëtt permanent aus senger Erwaardungshaltung erausgerappt a muss sech mam Produit aktiv auserneesetzen. Dëse Knëff suergt och dofir, datt deen Album esou extrem aktuell kléngt. Dem Swamp Dogg geléngt et, Traditiounen opzeweechen an nei ze modeléieren. Näischt ass him helleg, an am mannsten hëlt hie sech selwer eescht. Dës verspillten Attitüd ass et och, déi ville méi jonke Museker haut feelt.


D'Konschtstéck hei besteet doran, datt de Pop-Appeal vun de Lidder net verluer geet. Ganz am Géigendeel: Iergendwéi huet een d'Gefill, et mat engem neie Genre ze dinn ze hunn, dee just nach mat Zitater aus dem Soul schafft. Dobäi eraus kommen dann esou Knaller wéi "I love me more", dee sécher och am Club gutt wäert zéien. "Love, loss and Auto-tune" ass eng ganz geckeg Geschicht, déi hätt kënne fuerchtbar schif goen. Glécklecherweis ass awer e wierklech extravaganten a bal schonn ausserierdeschen Album dobäi erauskomm, deen einfach Freed mécht.