Radioen

On air

  |  Missy Mazzoli am Fokus

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng Jugend zu Aleppo

Album vun der Woch

Eng Jugend zu Aleppo

Déi armenesch Musekerin Azniv Korkejian lieft haut a Kalifornien, ass awer ënnert anerem a Syrien opgewuess. Hire Kënschtlernumm "Bedouine" ass och den Titel vun hirem Debutalbum, op deem lëftegen an awer engagéierte Songwriting ze héieren ass.

auto_stories

3 min

Seelen huet e Kënschtlernumm besser bei eng Musekerin gepasst wéi "Bedouine" bei d'Azniv Korkejian. An neen: Hiren neie Release, deen einfach hiren Numm dréit, ass net Album vun der Woch, well si aus Aleppo kënnt, mä well en iwwerzeegt.

Den Album ass schlicht, kombinéiert mat lëfteg an awer intensiv, onopgereegt an trotzdeem spannend a roueg an onrouegen Zäiten. E bëssen "Hippie", deen op Folk trëfft - mat akustesche Gittaren, deenen d'Begleedung vun dezente Straicher- a Bléiserarrangementer gutt stinn.

Matthew E. White als Mentor

Resuméiert: Schéin ass en, den Album vun där Fra, déi mat armeneschen Elteren fir d'éischt a Syrien an duerno a Saudi-Arabien gelieft huet, duerch eng Green Card an d'States komm ass an no lauter Statiounen den Ament zu L.A. lieft. Do huet si e Mann begéint huet, dee ganz wichteg fir hir Karriär gouf: De Matthew E. White.

D'Bedouine hat dem Museker aus Virginia eent vun hire Lidder, "One Of These Days" gemailt a gefrot, ob dat dann näischt fir deem säi Label "Spacebom Records" wier. De Matthew E. White huet wuel vill vu sengem eegene Sound am Lidd erkannt an huet der Bedouine seng Band ronderëm den "Trey Pollard" zur Dispositioun gestallt. Doropshin ass den Debutalbum scho bal logescherweis op sengem Label erausbruecht ginn.

"Bedouine meets White" deemno: Waarmen, wäisse Soul mat verdreemte Pop-Ausflich a liichtem Westcoast. Et denkt een un Nimm wéi Nick Drake oder Neil Young an Joni Mitchell an hiren Ufanksdeeg. Déi nei Heemecht vum Azniv Korkejian huet och Spure vu Country a Folk hannerlooss, mä seelen huet eng Net-Amerikanerin all dës Elementer esou "charmant" (wéi de britesche Guardian et formuléiert) zesummegedroen, wéi d'Bedouine. Hektik, Stress an d'Liewen op der Iwwerhuelspur sinn aus hirer Musek eliminéiert.

D'Bedouine kéiert dat Bannescht, dat wat si erlieft huet, no baussen. Hir Odyssee aus Syrien bis a Kalifornien, an de Bléck zréck op eng Heemecht, déi si als Kand nach a voller Bléi matkritt huet, sinn ouni Zweiwel fir déi eng an aner Textiddi eng net onbedéngt erwënschten, an dach reell Inspiratioun, gewiescht. Si selwer schwätzt vun "Challenges for myself".

Nice And Quiet

Mat hirem Debutalbum an der Ënnerstëtzung vum Matthew E. White kéint d'Bedouine eng Musekskarriäre un d'Rulle kréien, déi villverspriechend kléngt.

A si kéint deen Job opginn, dee si zur Zäit ausüübt: Si schafft an engem Tounstudio, an deem si d'Special-Effekter an allerhand Gimmicks op den Tounspure fir Videospiller zesummestellt, fir déi nach méi hektesch, spektakulär an opgedréint ze gestalten. Kaum ze gleewen, wann een déi zéng Lidder vum Album lauschtert. "Nice and Quiet" heescht iwwregens den éischten Titel.