Radioen

On air

Notturno  |  Portishead - Only You

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng Band um Top vun hirer Kreativitéit

Exploded View - Obey

Eng Band um Top vun hirer Kreativitéit

Déi däitsch-amerikanesch Frëndschaft ass all Museksfrënn e Begrëff. Mat Exploded View gëtt elo awer eng däitsch-mexikanesch Frëndschaft manifestéiert. Wien déi nach net sollt kennen - et gëtt héich Zäit!

auto_stories

3 min

Foto: Andrea Martinez

Congés Annulés 2016 - de 24. August trieden an de Rotonden Exploded View op. Déi soi-disant Frontfra Annika Henderson ass der Musekswelt scho bekannt a blitt an engem Bandkontext nei op. Et ass e remarkabele Concert. Exploded View sinn eng Liveband duerch an duerch. Den Debutalbum dréit deem Rechnung a fänkt déi ongeschlaffen Energie vun dësem Amalgam-Rock perfekt an. "Obey" - deen neien, zweeten Disk, denkt elo dee ganz perséinlechen Amalgam weider.

Déi studéierte Politjournalistin léisst mat deem heite Sak Musek en enttäuschend gefouert Interview-Gespréich mam David Byrne an der Spex vum Fréijoer am Nu vergiessen. Hei ass eng Fra mat Band - voir einfach just eng Band - déi um Top vun hirer Kreativitéit ass.

Déi véier Memberen zerwéiere sech Opschléi a kontere mat perfekte musikalesche Päss. Respektiv, si hunn hiert Spill, fir weider an enger mat den Hoer erbäigezunnener Tennis-Analogie ze bleiwen, raffinéiert an organiséiert. Dat féiert dozou, datt "Obey" iwwer grouss Strecke méi organiséiert kléngt. Opgepasst, Organisatioun gëtt awer net den Ophänkert, fir déi nei Musek vun Exploded View pejorativ bewäertend ze beliichten. Ganz am Géigendeel.

Egal bei wat fir engem Schlag Musek, sief et Synthie-Musek, Punk, Pop, Rock, Kraut oder alles zesumme wéi am Fall Exploded View - bei all deene Genre ass net d'Opgeraumtheet, d'Kontroll an d'Organisatioun déi primordial wichteg, mee d'Drénglechkeet. Mat der Drénglechkeet, enger Haltung a Sound a Wuert an dem Zesummespill vu béidem - do ass de kënschtleresche Succès erëmzefannen.

An dann ass et och egal, wann "Open Road" douce dohi blubbert, "Rant" zimlech däischter duerchbrätscht oder "Sleepers" e perfekten, vun Exploded View deklinéierte Popsong ass. Déi am Ganze mol keng 40 Minutte vun deenen zéng Tracks sinn esou do, esou immediat, datt d'Band hir Instrumenter an d'Soundwellen haptesch spierbar si beim Lauschteren.

De Verglach zu Broadcast läit op der Hand, mee ech kéint am Fong ganz einfach nach eng Dosen aner Bands opzielen, un deene sech Exploded View eppes ausléinen. Dat huet bei dëser Band och näischt mat Retro ze dinn.

Mol méi accessibel - e schwieregt Wuert am Zesummenhang mat Musek - op anere Plazen dann nees esou avantgardistesch wéi mol net um Debutwierk - déi däitsch-mexikanesch Frëndschaft huet den Trick eraus. A léisst esou niewebäi all Notioun vu Genre a Stempelen a Loft op. Follegt a lauschtert "Obey"! Lauschtert Exploded View! A wann ech gelift, lauschtert d'Musek gutt haart!