Fir ronn dräi Deeg war de grousse Sall vun der Philharmonie fir genee zwee Museker an een Tounmeeschter reservéiert. Am Kader vun de Festivitéite ronderëm de 15. Gebuertsdag vun der Philharmonie gëtt 2020 och de 15. Gebuertsdag vun der Uergel gefeiert.
Dofir hunn den Titularorganist Maurice Clement an den den éischte Solotrompettist vum Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg Adam Rixer de Projet vun enger CD-Opnam lancéiert. Mir ware mat enger Kamera an engem Mikro bei den Opnamen dobäi an hunn éischt Andréck vun der CD agefaangen.