Radioen

On air

Tockcity  |  Justice & Miguel - Saturnine

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng CD voller Virtuositéit

KLASSIK-CD VUN DER WOCH

Eng CD voller Virtuositéit


Vum Frédéric Chopin iwwert de Franz Liszt kann een eng riicht Linn zum Leopold Godowski zéien. E Pianist a Komponist deen de romantesche Gedanke bis wäit an 20. Joerhonnert era gedroen huet. De Pianist Łukasz Kwiatkowski huet elo en Disk mat Wierker vum Godowski publizéiert, déi vu Virtuositéit nëmmen esou strotzen.

auto_stories

3 min

Label: DUX

Interpret: Łukasz Kwiatkowski

Wierker: Adaptatiounen an eege Kompositioune vum Leopold Godowski

Interpretatioun:
Klang:

Johann Sebastian Bach, Camille Saint-Saëns a Frédéric Chopin: All dës Komponiste fënnt een um Disk vum polnesche Pianist Łukasz Kwiatkowski. D'Wierker vun dëse Komponiste stinn allerdéngs net an hirer Originalfassung um Programm, mä a Versioune vum Leopold Godowski, engem vun deene gréisste Pianosvirtuose aus der Museksgeschicht. Ganz an der Traditioun vum Franz Liszt huet hie reegelméisseg Stécker vu grousse Komponiste geholl, a se op seng eege Manéier um Piano gespillt. Fir säin Album huet sech de Łukasz Kwiatkowski e puer vun dësen Adaptatiounen eraus gesicht an agespillt.

E romantesche Bach

Eng Geiesonate an enger Versioun fir Piano héiert sech den éischten Ament absurd un. Firwat soll een en Instrument, op deem ee just begrenzt Noute gläichzäiteg spille kann op eent iwwerdroen, wou een der iwwer zéng gläichzäiteg klénge loosse kann? Ganz esou einfach huet et sech de Leopold Godowsky bei senger Adaptatioun vum Johan Sebastian Bach senger éischter Geiesonate awer net gemaach. Hei ginn all Fanger vum Pianist gefuerdert. Esou grouss wéi sech seng Versioun unhéiert, kéint ee beim Godowsky senger Adaptatioun scho bal vun enger Orchestratioun schwätzen. An trotzdeem héiert een de Bach duerch dee ganze romanteschen Niwwel an déi massiv Akkorden däitlech duerch d'Harmonie an d'Melodieféierung eraus. Mä net nëmmen.

E Pianist deen zwou Komponisteséile vereent

Op där enger Säit gëtt de Łukasz Kwiatkowski alle pianisteschen Ufuerderunge gerecht, déi de Leopold Godowski fir d'Interpretatioun vu senge Wierker viraussetzt. Op där anerer Säit héiert een nieft dëser romantescher Virtuositéit och eraus, datt sech de Łukasz Kwiatkowski un der historescher Opféierungspraxis inspiréiert huet. Besonnesch däitlech mierkt een dat un der Aart a Weis, wéi hie phraséiert, wéi eng Bedeitung hien deene verschiddene Stëmme gëtt a wéi ee Gewiicht hien op d'Virhalte leet.

Vun der Romantik an d'Romantik

E bësse méi einfach ass dësen Exercice vläicht beim Godowski senger Versioun vum Frédéric Chopin senger Walz Opus 64, Nummer 1. Duerch déi zäitlech kleng Distanz tëschent den zwee Komponisten leien d'Tounsprooche vill méi no beieneen, an den Pianist brauch kee Spagat tëschent zwee Joerhonnerte maachen. Och hei iwwerzeegt de Łukasz Kwiatkowski. Bei der Interpretatioun leet hie vill wäert op d'Linn vun der Melodie an op d'Agogik.