Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng danzbar Affär

Klein - Sonder

Eng danzbar Affär

Grouss existenziell Stëmmungen a vill Melancholie stinn um Lëtzebuerger Quartett "Klein" hirem Debutalbum am Mëttelpunkt. E Wierk, op deem ee grouss Klanglandschafte gebueden kritt, tëschent organesch an elektronesch, Jazz a Pop, intim an epesch.

auto_stories

3 min

D'Wuert "Sonder" kënnt aus dem sougenannten "Dictionary of Obscure Sorrows". E Site, dee sech e Spaass draus mécht nei Neologisme fir Emotiounen ze definéieren.

"Sonder" beschreift esou d'Realisatioun, datt aner Leit grad esou emotionell komplex a räich Liewe féiere wéi ee selwer. An deem Sënn ass d'Wuert e bëssen e Géigegëft zum Solipsismus.

Grouss Emotiounen

Um neie Klein Album wierkt dat sech op verschiddene Niveauen aus. Et héiert een dräi Museker, de Jérôme Klein, Pol Belardi a Niels Engel an ee Produzent, de Charel Stoltz, déi sech als eenzel Individuen wouerhuelen, zesumme kommunizéieren, an inspiréieren.

Dat Existenziellt fënnt sech dann och an de Kompositiounen erëm, déi Titele wéi "Catharsis", "Down", "Introversion" oder och "Solace"droen. Grouss Emotiounen ginn also hei den Toun un. Vast Klanglandschaften déi d'Condition humaine dann och ganz dramatesch afänken.

Datt een et hei mat dräi Jazz Cats ze dinn huet, muss natierlech net onbedéngt laang egozentrescht improviséiere bedeiten. De ganz organesche Sound vu "Klein" bleift op de Punkt a schéin ënnerdriwwen.

Mat Piano, Vibraphon, Batterie a eng Panoplie vu Synthesizer Kläng equipéiert, geet d'Band prezis an dynamesch un hir Aarbecht erun. Net nëmmen Jazz a Pop, mee och Indie Klassik an Electronica ginn hei ganz elegant opgekacht.

Melancholie mat Gesang

Chick Corea a Gary Burton, Kneebody, Go Go Penguin a Sohn sinn e puer Referenzen, déi engem esou an d'Ouer falen. Als Album ass "Sonder" eng danzbar an agängeg Affär, wou virun allem Melancholie musikalesch am Virdergrond steet.

Eng Melancholie, déi dann och net nëmmen instrumental, mee och neierdéngs unhand vu Gesang zum Ausdrock kënnt. De Jérôme Klein rutscht e bësse méi an de Virdergrond a léisst d'Stëmmbänner schéi vibréieren.

D'Stëmm ass op "Sonder" net nëmmen e Mëttel fir Bedeitung, mee virun allem eng weider Textur, déi duerch räich elektresch Manipulatioun der Band hir Expressivitéit erweidert.

"Seng Ängschte konfrontéieren an e wonnerschéint Märchen zielen", séngt de Jérôme Klein um Titel "Creator". Mat epeschen Harmonien a wonnerbar verflechte Keyboardmustere baue Klein grouss existenziell Stëmmungen op, déi net nëmme calméieren, mee och zum nodenke bréngen.