Album vun der Woch Eng exotesch Plack, déi danzen deet

"Exitoca" heescht den neien Album vu "Cristobal and the Sea". Eng Formatioun déi deels zu Lëtzebuerg entstanen ass a mëttlerweil beim renomméierte Label City Slang ënner Vertrag ass. E libidinéise World Musek-Amalgam, deen danzen deet.

Jamie Reinert / nw

Cristobal and the Sea
Foto: City Slang

Den eklektesche Museksmix, deen um neien Album mam Numm "Exitoca" vu Christobal and the Sea ze héieren ass, léisst sech deels duerch déi international Besetzung erklären: Expatriéierter aus Portugal, Spuenien, Frankräich, Egypten an den USA hu sech zu Lëtzebuerg an zu London kennegeléiert.

Eng eegestänneg a wëll Trupp, déi zënter véier Joer hire psychedeleschen an tropesche Sound an d'Ëffentlechkeet fléisse léisst. Hir nei Plack ass prett fir d'Danzfläch an ass gefëllt mat enger Panoplie vun extrovertéierte Kläng.

Brexit Afloss op d'Konzeptioun

Och wa "Cristobal and the Sea" eng festlech an dreemeresch Plack mat "Exitoca" op den Dësch bruecht huet, stécht d'Ongewëssheet vum Brexit hannert der Konzeptioun vum Album. Ëmmerhin ass et eng international Band, déi zu London lieft.

Mat hiren ausgefalenen, liicht chaotesche Kläng, déi sech un enger Vilfalt vu Museksgenren an Epochen uechtert d'Welt inspiréieren, versiche si e Mix ze schafen, deen d'Mënschen zesummebrénge soll.

Produktioun mat villen Detailer

Afro-Beat, Bossa Nova an orientalesch Kläng fléissen aneneen, ouni dobäi zu schlechtem Fusion ze ginn. Dëst ass och vill de Produktiounstalenter vum Yehan Yehan ze verdanken. E Museker, dee mat fette Sounds aus de 70er hantéiert, an de Klang vu Cristobal and the Sea knackeg a breet gemaach huet. Och wa Bass a Batterie dacks dominéieren, héiert een aus der Produktioun immens vill Detailer eraus.

Déi spilleresch Téin an Texter ginn den Androck vun enger Band, déi sech net ze vill seriö hëlt. Cristobal and the Sea stralen e gewëssene Charme an hire Lidder aus, déi Titelen droe wéi "Smadness", "Porcelanosa" oder "Steal My Phone". Ënnert de 14 Stécker op hirer Plack "Exitoca" sinn och eng Rëtsch louche Interluden, mol mat engem orgasmesche Saxophon oder engem ausserierdesche Theremin.

Danzbar Plack fir düster Zäiten

Cristobal and the Sea hunn iwwert d'Joren d'Besetzung vun Zäit zu Zäit gewiesselt. Den Elliott Arndt, dee bei Vanishing Twin matwierkt, hëlleft neierdéngs op Backing Vocals, Perkussioun a Keyboards aus an de Youssef Ibrahim dreift dat ganzt mat senger Batterie no vir.

De Kär vun der Band dréit sech ronderëm den Alejandro Romero um Bass, de Joao Seixas op der Gittar an d'Leila Seguin op der Flütt. Hire Klang ass staark vun de lëftegen a sënnleche Vocal-Harmonien gedroen.

Mat "Exitoca" huet Cristobal and the Sea e libidinéise World Musek-Amalgam geschaaft. Eng Pop-gedriwwen, immens danzbar Plack, fir düster Zäiten ze vergiessen. D'Band trëtt den éischten November am Gudde Wëllen op.

An der Mediathéik:

Album vun der Woch / / Jamie Reinert
Lauschteren

Méi zum Thema

Trendscheif
Nei Emissioun Trendscheif

"Trendscheif" ass eng nei Musek-Emissioun um radio 100,7. Den Jamie Reinert an den Yves Stephany diskutéieren all Woch iwwer nei Verëffentlechungen. Dobäi kënnen och mol d'Fonke fléien.

Grizzly-Bear-Tom-Hines-1A7A7954-L.jpg
ALBUM VUN DER WOCH

De fënneften Album vun der US-amerikanescher Indie-Rock-Band weist sech Schicht fir Schicht, Stëmmung fir Stëmmung, Dag fir Dag. "Painted Ruins" besteet aus originelle Rhythmen a vill Synthesizeren.

D'Kënschtlerin "Bedouine"
Album vun der Woch

Déi armenesch Musekerin Azniv Korkejian ass a Syrien opgewuess. Hire Kënschtlernumm "Bedouine" ass och den Titel vun hirem Debutalbum, op deem lëftegen an awer engagéierte Songwriting ze héieren ass.

Programm

Praktesch Infoen

Dossieren

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

  • Gratis ëffentlechen Transport

    Den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg ass vum 29. Februar u gratis. Dat haten d'Majoritéitsparteien Enn 2018 esou decidéiert. An eisem Dossier fannt Dir all eis Artikelen zum Theema.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen