Radioen

On air

Notturno  |  E-Lodie

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng fest Gréisst an onrouegen Zäiten

International Classical Music Awards 2017

Eng fest Gréisst an onrouegen Zäiten

"Leipzig ass déi selbstverständlech Plaz fir d'Gala-Soirée vun den International Classical Music Awards", sot den Andreas Schulz, Intendant vum Gewandhausorchester Leipzig. Dee geschichtsträchtegen Orchester hat fir dat grousst Event an der Klassikzeen invitéiert, an de Sall vum Gewandhaus war bis op déi lescht Plaz gefëllt. Eng ganz Rëtsch Laureaten, déi deen internationale Jury, an deem de radio 100,7 och Member ass, priméiert haten, sinn opgetrueden.

auto_stories

2 min

Zu Leipzig vibréiert d'Musek op all Eck. Kee Wonner, déi bedeitendst Komponiste sinn an der sächsescher Metropol passéiert. Ugefaange beim J.S. Bach bis hin zu Mendelssohn, Schumann, Grieg a Wagner, deen zu Leipzig op d'Welt koum. Si hunn der Stad, nieft der grousser Bichertraditioun, de Stempel opgedréckt. Et ass dofir keen Zoufall, datt eng Partie vun dëse Komponisten och um Programm vum Galaconcert vun den International Classical Music Awards (ICMA) stoungen. Vu Caroline Widmann iwwer Daniel Müller-Schott, Sharon Bezaly an Elena Bashkirova: Déi Bescht aus der Klassik hu sech dem Public presentéiert.

Vill vun de Kënschtler hate während der Präisiwwerreechung ee Message: klassesch Musek ass ee kulturelle Wäert u sech, deen an dësen onrouegen Zäiten Halt ka ginn. Klassesch Musek kennt keng national Grenzen, si schléit Brécken.

Internationale Jury

De Jury vun den International Classical Music Awards ass d'Spigelbild vun dëser Feststellung. 17 Fachjournalisten aus 14 Länner, Vertrieder vu Radio, Print- an Online-Medien, hunn an dräi Ofstëmmungsronnen aus 321 Nominatiounen déi bescht CD - an DVD-Produktiounen an 22 Kategorien ausgewielt. Deen eenzege Critère beim Choix sinn d'Qualitéit vun der Interpretatioun an der Opnam.

Am Auditorium vum Gewandhaus zu Leipzig liest een iwwert der Bühn de Sproch "Res Severa Verum Gaudium" - richteg Freed ass eng eescht Saach. Wien also richteg Freed u klassescher Musek wëll hunn, muss sech selwer seriö Méi ginn. Klassesch Musek brauch Engagement - vun den Interpreten, vun de Produzenten awer och vun deem, deen nolauschtert. "Dës Musek ass keen Entertainment", sot een Disqueproduzent. A si brauch eng fachkritesch Begleedung, déi de Meloman an der Hellewull vun neie Produktioune guidéiert.

Musikaleschen Nowuess

Klassesch Musek ass och keen doudege Buschtaf, mä ee liewegen an dynamesche Kulturacteur. D'Zuel vun de Produktioune beweist et, grad wéi d'Aarbecht vum Jury vun den International Classical Music Awards. D'ICMA priméiert net nëmme Produktioune mat kanoniséierte Wierker. An der Kategorie "Contemporary Music" fënnt déi Nei Musek hir Plaz, iwwerdeems fir jonk Kënschtler Spezialpräisser vergi ginn. "Young Artists of the Year" sinn 2017 d'Pianistin Sophie Pacini an d'Sopranistin Elsa Dreisig. "Young Talent of the Year" ass dee 16jäerege Pianist Robert Neumann. Den Nowuess an der klassescher Musek steet also prett.


De Jury vun den International Classical Music Awards trëfft sech fir seng jäerlech Reunioun 2018 zu Lëtzebuerg. D'Präisiwwerreechung an de Gala-Concert sinn op Invitatioun vum nationale polnesche Radiosorchester zu Kattowitz.