Radioen

On air

Tockcity  |  Everything Everything - The Mad Stone

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng gefillszaart Roserei

Album vun der Woch

Eng gefillszaart Roserei

Fënnef Joer no hirem Duerchbroch mellt sech d'RnB-Sensatioun SZA mat engem couragéisen an imposanten Album zeréck. Eng gezillszaart Roserei duerchzitt den Album, mengt de Max Tholl.

auto_stories

3 min

D'SZA ass mëttlerweil en etabléierten Numm am Popgeschäft, si huet an de leschte Jore mat Stars ewéi Rihanna, Beyoncé, Nicky Minaj oder och dem Kendrick Lamar zesummegeschafft.

"SOS" ass awer réischt hiren zweeten Album op engem grousse Label. 2017 wéi de Virgänger "CTRL" erauskoum gouf et eng richteg Euphoriewell, d'SZA gouf séier als grousse Shootingstar um Pop-Himmel ausgemaach well et een Album war, deen dem RnB bëssi néit Liewen agehaucht huet respektiv dëse mat anere musikaleschen Aflëss ugereechert huet.

Eng vertount Therapie

Zanterdeem si fënnef Joer vergaangen an d'SZA sot selwer, si hätt fir d'éischt mol mat dem ganze Succès an hirem neie Bekanntheetsgrad misse kloer kommen.

An "SOS" ass och een Album, deen dat eigentlech ganz gutt spigelt, et ass een Disk, dee sech e wéineg no vertounter Therapiesëtzung unhéiert, well hei virun allem Sujeten ewéi Selbstzweiwel, Jalousie oder Isolatioun am Virdergrond stinn.

Ee gebrachent Häerz

Den Albumcover schléit schonn an déi méi melancholesch Richtung an: d'SZA sëtzt hei op engem Briet, ronderëm si just blo Wellen an eng gefillten Onendlechkeet. D'Motiv geet zeréck op eng Foto vun der Lady Diana, déi d'Prinzessin eng Woch virun hirem trageschen Dout wéist.

D'SZA bréngt domadder hier erlieften Isolatioun an Einsamkeet zum Ausdrock an dat ass och e Motiv wat sech duerch den Album zitt. D'SZA selwer sot "SOS" wier een Disk iwwer e gebrachent Häerz, doriwwer sech verluer ze fillen a voller Roserei ze sinn.

Dës emotional Orientéierungslosegkeet ass dann och zum Beispill am Track "Blind" ze héieren. D'SZA séngt hei iwwer verpasste Chancen an der Léift. Doniewent fannen sech nach Lidder an deenen si hier eegen Onsécherheete fräileet, oder d'Entfriemung an de sozialen Netzwierker thematiséiert, am Song "Kill Bill" fantaséiert si da souguer doriwwer hiren Ex-Partner an deem seng néi Frëndin ëmzebréngen - awer hält am gläichen Otemzuch fest, datt dat villäicht keng sou gutt Iddi ass.

Héichten an Déiften

Dat kléngt düster, mee et gi genuch Stécker um Album, déi méi upbeat sinn. D'SZA wéist sech prinzipiell zimmlech oppen an experimentéierfreedeg. Niewent de méi typeschen RnB-Lidder gëtt et och douce Gittarballaden oder méi haart Rapsongs a souguer ee Pop-Punk Track, deen éischter un d'Avril Lavigne erënnert.

Et sollt dofir och net iwwerraschen, datt et um Album eng Partie interessant Gäscht gëtt, wéi de Rapper Travis Scott an och d'Indierockmusekerin Phoebe Bridgers, déi am Song "Ghost in the Machine" ze héieren ass.

"SOS" ass mat insgesamt 23 Songs wierklech eng Tour de Force, virun allem well een hei wéi op enger Achterbunn, all Héichten an Déifte materlieft. An awer bléift den Album musikalesch koherent, et harmonéiert wierklech alles gutt mateneen.

Grad d'Zesummespill vun de verschiddenen Emotiounslage mécht dësen Album esou eenzegaarteg. Et kéint ee vun enger gefillszaarter Roserei schwätzen, déi "SOS" duerchzitt.