Wäiss a Schwaarz Eng Improvisatioun mam Maurice Clement

Op wat baséiert eng Improvisatioun? Wéi fänkt een eng Improvisatioun un? Misst generell méi improviséiert ginn? Invité an der Emissioun Wäiss a Schwaarz ass de Maurice Clement. Um Piano am Studio 8 vum radio 100,7 spillt hien eng Improvisatioun a gëtt am Gespréich mam Luc Boentges en déiwen Abléck a säi Fach.

Luc Boentges

Eng Improvisatioun mam Maurice Clement
Eng Improvisatioun mam Maurice Clement

De Maurice Clement ass den Titularorganist vun der Philharmonie, spillt op der Uergel zu Dikrech an der Kierch an ass Prof fir Uergel, Harmonisatioun an Improvisatioun am Conservatoire du Nord. Säin éischt Instrument war awer de Piano, en Instrument dat hien als Kand wéi e Spillgezei betruecht huet. Mëttlerweil beschreift de Maurice Clement de Piano als Verlängerung vu senger Séil. An der Emissioun Wäiss a Schwaarz spillt de Maurice Clement a senger Roll als Pianist an Improvisator um Piano am Studio 8 vum radio 100,7.

Merci u Pianos Kleber fir d'Instrument.

Am Interview mam Luc Boentges verréit de Maurice Clement op wat seng Improvisatioune baséieren, wéi wichteg de Bols fir hien ass a wéi hien de Museksunterrecht zu Lëtzebuerg aschätzt.

An der Mediathéik:

Wäiss a Schwaarz / / Luc Boentges
Lauschteren

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen