Radioen

On air

Kultur um 5  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng kleng Mass grouss interpretéiert

Klassik-CD vun der Woch

Eng kleng Mass grouss interpretéiert

Op der Affiche vun der neier CD vum Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg ënner sengem Chefdirigent Gustavo Gimeno steet dem Gioacchino Rossini seng Petite Messe Solennelle. Trotz dem Rossini senger Virléift fir de Genre vun der Oper an der grousser Besetzung vun engem Orchester, engem Chouer, véier Solisten an enger Uergel fënnt de Gustavo Gimeno eng Perfekt Balance tëschent de Genren Oper a Mass.

auto_stories

2 min

Interpretatioun:
Klanqualitéit:

Interpreten:
Eleonora Buratto, Sopran
Sara Mingardo, Mezzo-Sopran
Kenneth Tarver, Tenor
Luca Pisaroni, Bass
Tobias Berndt, Uergel
Wiener Singakademie
Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg
Gustavo Gimeno, Direktioun

Wierk:
Gioacchino Rossini (1792-1868): Petite Messe solennelle


An der Petite Messe Solennelle stécht de Rossini-typeschen theatralesche Geste kloer ervir. D'Schwieregkeet läit fir den Interpret doran, och dem Genre vun der Mass mat sengem sakralen Inhalt gerecht ze ginn, ouni och op dëser Säit an en Extrem ze verfalen. Am Gustavo Gimeno senger Interpretatioun komme béid Säiten däitlech ervir. Direkt mat den éischten Noute vum Wierk weist hien, wéi eescht hien de sakralen Hannergrond hëlt. Ganz am Géigendeel zu villen aneren Interpretatioune wielt hien en immens luesen Tempo. D'Spannung erhält hien trotz dem Tempo iwwer d'Phraséierung am Orchester oprecht.

Wéi an enger anerer Welt fillt ee sech spéitstens no 14 Minutte beim "Domine Deus". Hei gëtt ee quasi an eng italienesch Oper versat. Dëst geléngt dem Gustavo Gimeno ouni Broch tëschent deene verschiddene Sätz, esou datt d'Kontinuitéit garantéiert ass.

D'Solisten formen en homogenen Ensembel

Déi véier Solisten Eleonora Buratto, Sara Mingardo, Kenneth Traver a Luca Pisaroni si stëmmlech gutt openeen ofgestëmmt. An och si fanne generell eng gutt Balance tëschent dem Sakralen an dem Genre vun der Oper. Virun allem iwwerzeegen déi zwou Sängerinnen am Qui tollis peccata mundi (Gloria), wou si, vun der Harf begleet am Duo sangen an eng wonnerschéin Atmosphär entstoe loossen. Deen eenzegen, dee liicht aus der Rei fält ass den Tenor Kenneth Tarver. Hie beweegt sech méi am Charakter vun der Oper.

En authentescht Klangbild

Aus der Opnam héiert ee ganz däitlech d'Opstellung vun der Museker op der Bühn eraus. Ganz vir sinn déi véier Solisten, an der Mëtt ass den Orchester an hannendrun de Chouer. Allerdéngs huet dëst authentescht Klangbild den Nodeel, datt de Chouer par Rapport zu deenen aneren Acteuren u Präsenz verléiert. Dëst fält virun allem op, wann sech Chouer- mat Solopassagen ofwiesselen. An och generell kéint d'Opnam eng Portioun méi Däitlechkeet verdroen. Deelweis huet een d'Gefill d'Musek duerch e Schleier ze héieren.