Label: Myrios Classics
Interpreten: Kirill Gerstein (Piano), St. Louis Symphony Orchestra, David Robertson (Dir.)
Wierker: Rhapsody in Blue an de Concerto fir Piano vum George Gershwin
Interpretatioun: | |
Klang: |
Dem George Gershwin ass kompositoresch eppes gelongen, wat bei Ville plakativ kléngt. Hien huet déi verschidde Charakteristika vun Jazz a Klassik zu engem Ganze vermëscht. Weder ass ze vill, nach ze wéineg vun engem Stil vertrueden. Datt seng Wierker kompositoresch Sënn maachen, heescht awer net, datt d'Interpreten et dofir einfach hunn. Och déi musse sech ëmmer nees d'Froe stellen: Wéi jazzy spillen ech déi méi klassesch Passagen? Wéi klassesch spillen ech d'Jazzdeeler? Nëmmen ze liicht géif een dem Gershwin seng Musek "verjazzen", schreift de Kirill Gerstein am Booklet.
"Ich brauchte einige Zeit, um meinen Weg zu finden - es ist eine so schwer zu fassende stilistische Mischung, Sekunde um Sekunde."
Eng Interpretatioun, déi een net méi lass léisst
Dës Mëschung ass dem Kirill Gerstein esou gutt gelongen, datt ee vun der Opnam gefesselt gëtt. Permanent wiesselt hien - deelweis mat haarden, deelweis mat fléissenden Iwwergäng - tëschent deene verschiddene Stiler hin an hier. Fir den Nolauschterer huet dat den Effekt vun der permanenter Spannung. Et weess een ni, wat kënnt, an dofir bleift ee mat der Opmierksamkeet déi ganzen Zäit beim Solist.
En natierleche Klang
Duerch dës Präsenz vum Solist kënnt de Live-Charakter vun der Opnam immens beim Nolauschterer un. Dozou dréit och de Klang bäi. De Solist ass däitlech erauszehéieren, ouni awer, datt en den Orchester géif iwwerstëmmen. Insgesamt héiert sech den Disk ganz natierlech un, bal esou, wéi wann ee selwer am Concertssall géif sëtzen.
Eng Explosioun vun Nouten
Gläichzäiteg ass de Klang vum Disk immens propper. Dëst geet Hand an Hand mam Kirill Gerstein sengem präzise Spill. All Nout héiert een däitlech eraus. Déi virtuos Passagen kommen engem doduercher vir, wéi eng Explosioun un Nouten. Net ëmsoss ass um CD-Cover de King Kong ze gesinn, deen um Empire State Building mat Noute ronderëm sech werft.