Radioen

On air

Kultur um 5  |  Teaser Skateboard-Radio

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng Ode un eng vergaange Musekskultur

Daniel Romano - Finally Free

Eng Ode un eng vergaange Musekskultur

Den Daniel Romano liwwert mat "Finally Free" eng intim psychedelesch Folk Plack, déi gutt an d'Wanterzäit passt. Den Album héiert sech un, wéi wann e viru 50 Joer opgeholl wier. "Finally Free" iwwerzeegt duerch seng präzis a gläichzäiteg locker Produktioun.

auto_stories

3 min

Säi Personnage ass schwéier ze erfaassen. En nostalgesche Countrysänger, e Punk-Rocker oder Power-Pop Sänger - an de leschten zéng Joer huet den Daniel Romano divers musikalesch Rolle gespillt. Seng neiste Plack heescht "Finally Free". Dem Titel gerecht héiert een e Museker, deen ouni Hemmunge sengen Impulser nogeet. Psychedelesche Folk steet elo op der Dagesuerdnung. Mat sengen néng Lidder féiert den Daniel Romano den Nolauschterer zeréck an déi mystesch 60er.

Ufanks dëst Joer huet den Daniel Romano fir Iwwerraschung gesuergt. Am Januar huet hien zwee Albume mateneen erausbruecht. An dobäi waren dës nëmme fir zwee Méint op Bandcamp ze fannen, éier se verschwonne sinn. Wie weess, wat de exzentresche Kanadier domat wierklech aussoe wollt, jiddwerfalls ass hie kee faule Batz, an déi amerikanesch Museksgeschicht ass him och net friem.

Op "Finally Free" ass et awer déi britesch Folk-Traditioun déi dominéiert. "The Incredible String Band" a "Pentangle" lungeren am Hannergronn, an dem Daniel Romano seng nasal Stëmm erënnert u Marc Bolan, deemools wou Tyrannosaurus Rex nach beniwwelten Hippie Folk gespillt huet.

En Album wéi viru 50 Joer

Den Album héiert sech och wierklech un, wéi wann e viru 50 Joer produzéiert gouf. Dat Ganzt gouf ganz simpel mat engem véier-Spuer Kassetterecorder opgeholl. A praktesch all Instrument huet den Daniel Romano selwer agespillt.

"Finally Free" ass näischt extrem Neies, mee eng schéin Ode un eng vergaange Musekskultur.

D'akustesch Gittar gouf mat vill Brillianz opgeholl, de Bass kléngt schéi muusseg an d'Vocalharmonië sinn zockerséiss. Den Highlight vum Daniel Romano sengem neien Album ass "Empty Husk". Eng verdreemte Ballade, déi vun enger einfacher Gittar a seidege Straicher geleet gëtt. Zum Schluss dauchen dann op eemol rau Stadiumrock Gittaren op.

Kosmesch Schuppendéieren a Sekten

Mee hie fäert och net komplett Hippie ze goen, wéi um Lidd "Between the Blades", wou d'Theme vu Léift an Natur pastichéiert ginn. A well mir eis a psychedeleschem Folk Territoire befannen, gëtt et och vill Mystik a Fantasy Geschwafels. Led Zeppelin hate sech mam Tolkien, The Incredible String Band ware mat transzendentalen Ënne beschäftegt an den Daniel Romano séngt iwwer kosmesch Schuppendéieren a Sekten.

Och wa seng fantasieräich a blummeg Texter deelweis a Parodie ofschwiewen, enthale se awer eng poetesch Naivitéit, déi ënnerhält. "Finally Free" iwwerzeegt duerch seng präzis a gläichzäiteg locker Produktioun. Den Daniel Romano erweidert säi Folk Repertoire Richtung Psychedelia a fält dobäi net op d'Nues.