Radioen

On air

Notturno  |  Maz Univerze - Nightmare

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng richteg Festival-Experienz um Radio an am Stream

Koll an Aktioun "On Air"

Eng richteg Festival-Experienz um Radio an am Stream

An enger Woch ass et souwäit ! De Koll an Aktioun geet nächste Samschdeg " On Air " iwwer d'Bün. Et geet net drëms, fir just e weidere Live-Stream iwwer déi sozial Medien ze schécken. D'Zil ass et, fir Iech doheem eng richteg Festival-Experienz z'offréieren.

auto_stories

2 min

Foto: Sam Flammang

Natierlech wäert et live Musek ginn, bei der On Air Editioun vum Koll an Aktioun. Op der Affiche:

  • D'Indie-Rock Formatioun TUYS, déi sech dëst Joer mat enger Serie vu Singelen am gaange sinn nei z'erfannen.
  • Déi jonk Sängerin AEM, déi mat hirem intimisteschen an engagéierten Elektro Pop drop waart fir d'Häerzer vum Publikum un d'Schmmëlzen ze bréngen.
  • De Mambo Schinki, deen Iech mat senger Weltraumuergel virum Radio wäert un d'Danze bréngen.
  • En DJ Set mat dubbege Kläng vum Public Service Soundsystem.

Déi Sessions kommen aus dem Studio vum radio 100,7 - dat heescht d'Qualitéit stëmmt.

Interaktivitéit op zwou Bühnen

Wéi bei engem richtege Festival ginn et beim Koll an Aktioun zwou Bühnen, erkläert de Christophe Murroccu, Pressespriecher vum Koll an Aktioun.

"Dat eent ass dat, wat iwwer de Radio leeft, iwwer d'App an och den Internetsite vum Radio. Dat anert ass e Video-Stream. Do wäert et deelweis komplementäre Contenu zu kucken oder ze lauschtere ginn. Heiansdo ass et och dat nämmlecht. Et ass ëmmer am Esprit vum Koll an Aktioun."

D'Interaktivitéit war den Organisateure ganz wichteg. An och d'Erreeche vun allen Altersklategorie vum Publikum vum jamilljefrëndleche Festival. Fir déi Kleng ginn dowéinst am Video-Stream Workshoppen ugebueden, déi och och Site vum Schifermusée zu Maartel virgesi waren. Zum Beispill kéint een e Kazoo bastelen, seet de Christophe Murroccu. "Mir hu Workshoppe mam Schifermusée zesummen." Do géif d'Verankerung mam Site ënnerstrach ginn. D'Material fir de Schiferatelier kann ee sech am Viraus bestellen.

Fir Läif a Séil

Maache mir eis näischt vir: zu der kompletter Festivalexperienz gehéiert och Iessen an Drénken dozou. Beim Koll an Aktioun war dat, net zulescht wéinst dem bekannten vegane Brunch, e wichtege Volet. An dee soll och bei der On Air Editioun net ze kuerz kommen.

"Mir wäewrten e puer vun eise Geheimnisser aus der Kichen an hanner dem Bar devoiléieren", seet de Christophe Murroccu. Et sollt ee sech awer net ob e klassesche Kachvideo astellen.

De Rendezvous ass nächste Samschdeg, vu moies un op de soziale Medien, a vun 2 bis 6 am Nomëtteg och hei um Radio. Och Sonndes wäert et via Facebook nach Aktiounen am Kader vum Festival ginn.