Déi fantastesch Verbindung tëscht Stëmm a Piano um Titeltrack "Assume Form" weist de Blake an héijer form, wéi hie seng eege Stëmm a seng musikalesch Eegenaarten éischter verdéift, wéi auszedeenen. D'Resultat ass deementspriechend manieréiert.
D'Auswiel vun de Samples ass mat sangenden afrikanesche Kanner op jiddwer Fall vill méi frëndlech ausgesicht, wéi op dem grimmege Virgängeralbum.
Während déi viregt Plack, "The Colour in Anything", plazeweis klaustrophobesch bedrécke konnt, sinn déi tropesch Allusiounen op "Barefoot in the Park" zum Beispill dogéint e perfekt Géigegëft. Déi nei sënnlech Säit um James Blake drift heiansdo e bësse wäit an d'Gefällegkeet, mee et ass d'Musek, déi hir eege Welt unzebidden huet a vill Faarf an hir Arrangementer bréngt.
Op "Are You in Love" fënnt eng Soulballad vun aler a sentimentaler Faktur nei Frënn a Form vun engem onkoherenten Uergelbass an engem iwwerraschend direkte Synthi, spéider komme gesampelt Klarinetten an e ganzen Zinglabumm u Chouerstëmmen a Sträicher. Ganz schéi gemaach.
"I'll Come Too", nach eemol eng Soul-Ballad mat ironesch-elektroneschem Traitement stellt ee vun deene villen Zoustänn vum Verléiftsinn duer, déi den Album wéi e Fächer presentéiert. Op där enger Säit vun dësem Fächer waart och eng gutt Portioun Kitsch, mam Virdeel, datt bei deene kalen Temperaturen dobaussen eng Aart Fräijoersstëmmung aus dëser Plack erausstréimt.
"Assume Form" ass deemno eng sophistiquéiert Pop-Plack, déi d'Ouer erausfuerdert, ouni ze ermidden.