Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eric Mangen moolt live zu Benoit Martiny Band

Musek trëfft op Molerei

Eric Mangen moolt live zu Benoit Martiny Band

Bei der Aircheck-Session vun der Benoit Martiny Band an der Kulturfabrik huet de Kënschtler Eric Mangen eng Toile gemoolt. De Video vun dësem Live Painting ass vun elo un um KulturKanal ze gesinn. E Gespréich mam Eric Mangen iwwer dëst Wierk, wat zu der Musek entstanen ass.

auto_stories

4 min

Eric, du hues däi Wierk ugefaange mam Saz "Everything will be alright" - du hues déi ganz Toile domat voll geschriwwen. Wat huet et domat op sech?

Dee Concert, an déi live Painting Session war de Weekend ier den zweete Lockdown lassgaangen ass. Wéi ech de Montage gemaach hunn an der Kufa, mat de Leit vun der Kufa, war do eng bedréckten Atmosphär vun "wéi geet et lo weider,wou geet lo alles hin?". Den éischte Lockdown war haart, beim zweete wousst kee wat op een duerkënnt.
Vu datt de Concert iwwert eng Stonn gaangen ass, muss ee jo och iergendwou déi Toile ufänken.

Ech si jo net bei mir am Atelier, ech ginn déi Toile net sou un, wéi ech eng Toile géif ugoen, déi ech bei mir molen. Dat heescht, ech hu probéiert bëssen eppes anescht ze maachen.

Bei engem Live Painting ass deen Entertainment-Deel dobäi. An ech wollt de Public och op eng Pist bréngen, wou si sech a Sécherheet fillen, an duerno am Laf vun der Ännerung vum Bild, gëtt dat nees ewech geholl. Ech hunn also einfach nervös deen Text drop geschriwwen. Och fir d'Ambiance ze fillen: de Concert geet un, de Concert geet fir de Public un, de Concert geet fir mech un, de Concert geet fir d'Museker un.

War dës Session deng éischt Kollaboratioun mat Museker?

Jo! Also ech hu schonn e puer Live Paintinge gemaach fir verschidden Events. Dat fannen ech ëmmer interessant, well du verfäls iergendwann a sou en "performative" Drock, wou s de der sees "Oh Merde, ech muss awer eppes liwweren".

Ech hunn dann d'Tendenz ëmmer z'iwwermolen. Dës Kéier hunn ech probéiert dat bëssen anescht ze maachen, an d'Gehier sou vill wéi méiglech auszeschalten. Et war einfach wonnerschéin, déi Ballad tëschent Moler a Musek. Am Léifsten hätt ech einfach gär on Call sou eng Band am Atelier, well do kann ee sou vill cool Saache maachen.


De ganze Video gëtt et op KuK:


Wéi eng Roll spillt d'Musek normalerweis an denger Aarbecht? Lauschters du souwisou Musek wann s du mools, oder éischter net?

Jo, ech lauschtere ganz vill Musek. Ech hu lo eng nei Anlag abaue gelooss an den Atelier, well et einfach nach net duer gaangen ass. Musek ass wierklech omnipresent an der Kreatioun vun de Biller.

Wéi beaflosst Musek dech dann? An dësem konkrete Fall mat der Benoit Martiny Band, wéi huet d'Musek dech guidéiert?

Um Video gesäit een dat relativ gutt: Beim Benoit senger Band war et zimmlech fräi. Et gouf Momenter wou ech bal an Trance war, wou de Pinsel just nach iwwer d'Bild gelaf ass, sou wéi bei hinnen d'Drumsticks iwwer d'Drum. Dat war schonn immens fesselnt.

Wéi laang brauchs du normalerweis fir sou eng Toile ze molen? Dës Session huet jo just eng Stonn gedauert.

A gudde Momenter, wann et leeft, da kann dat relativ séier goen. Ech war bësse befreit dovunner, datt et keng Toile fir eng Serie fir eng Ausstellung misst sinn. Ech hu mech do wierklech mam Flow goe gelooss.

An ech sinn och wierklech mam Resultat zefridden, well et näischt ass, wat ech soss gemoolt hätt, wou ech warscheinlech méi géif iwwerleeën a méi lues géif viru goen. Hei ass einfach alles Rucki-Zucki gaangen, an d'Resultat gefält mir ganz gutt, duerch déi Spontanitéit an déi Fräiheet.


Lauschtert déi ganz Sessioun vun der Band: