Radioen

On air

Al Schanken  |  Jim White - Handcuffed To A Fence In Mississippi

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Espresso Beats

Rentrée beim 100,7

Espresso Beats

Mat der Rentrée lafen um radio 100,7 nei Sendungen. "Espresso Beats" bitt d'Geleeënheet, d'Mataarbechter vum Radio besser kennen ze léieren. De Philippe Hansen erzielt, wat Iech erwaart.

auto_stories

2 min

Moderéiert gëtt "Espresso Beats" vum Philippe Hansen

"Espresso Beats" ass...

Philippe Hansen: ... een optimale musikaleschen Ufank, fir an ee mat Musek gefëllte Samschdegmëtteg um radio 100,7 eranzeklammen. Mir proposéieren e grousse musikalesche Biz vun zwou Stonne mat kuerzen Interventiounen!

Den Toun an d'Approche?

P.H.: Wann ech ee Stéchwuert misst soen, dann “Nei”: mir proposéiere kuerz Informatiounen iwwer sëllechen nei Museker, nei Releasen, an nei - awer nach musikalesch net definéiert Genren.

Deng "Invitéen"?

P.H.: Komme vun nobäi! All Samschdeg kënnt en anere radio 100,7-Mataarbechter mir säi Lieblingstitel presentéieren a verroden, firwat grad deen. Wann ee wëll, ass dat eise musikalesche Bléck hannert d’Kulisse vum Radio unhand vu "Stëmmen" aus dem Haus ... ech si gespaant!

Du kënnegs och e "Bléck zréck" un?

P.H.: All Woch presentéiert de Claude Hastert am "Psychedelic Corner" eng Formatioun aus de 60er oder 70er aus dem psychedelesche Rock-Beräich. Déi Rubrik ass pertinent an aktuell: hautdesdaags ginn et nämlech eng ganz Rëtsch Bands, besat vu jonke Museker, déi sech nees un dee Genre eruwoen.

Frësch gepresst

P.H.: D'Anne Georges - eis museksbegeeschtert Archivistin - weess am beschte Bescheed, wat nei um Marché ass a wat gutt op Antenn kléngt. Hatt bréngt regelméisseg Coup-de-coeure mat an d'Emissioun, liwwert seng perséinlech Andréck an hält d'Nolauschterer um leschte Stand, wat gudden, net kommerziellen an heiansdo onkonventionelle Pop, Rock, Indie, Folk an Electro ubelaangt.


Lauschtert d'Espresso Beats mam Philippe Hansen, ëmmer samschdes vun 13:00-15:00 Auer

Presentatioun vum Programm