Musek Eurosonic 2020: E Bléck hanner d'Kulisse vum Museksbusiness

Den Eurosonic Festival ass wéi eng grouss Foire fir nei alternativ Musek. Iwwer 340 verschidden Artisten a Bands trieden a véier Deeg op, an iwwer 4.000 Professioneller aus der Branche komme kucke fir déi Talenter ze denichéieren, déi bei si passen.

Yves Stephany / cz

Eurosonic Festival 2020

Um Eurosonic gesäit een net vill Leit op de Concerten danzen. Déi meescht Spectateure sinn do fir ze schaffen a kucken a lauschtere genee, wat gebuede gëtt a lafen no zwee Lidder op den nächste Concert. Den Oskar Strajn ass ee vun den zwee Bookeren, déi d'Programmatioun zesummestellen. Hien beschreift de Eurosonic als eng Plattform fir Museker, déi bereet si fir duerch Europa ze touren. D'Kënschtler missten nieft hirem Talent weisen, datt si wësse wat den nächste Schratt ass. "An den Eurosonic ass ee vun deene Schrëtt fir un d'Zil ze kommen", sou den Oskar.

Camilla Spraksss

Jonk Musekerinnen a Museker, déi duerch Europa wëllen touren a vun hirer Musek liewen, där ginn et der vill. Et géif een all Joer ronn 5.000 Kandidaturen erakréien, an de leschten zwee Joer wieren et der souguer nach méi gewiescht.

Iwwer dem Oskar säi Büro ginn deemno och d'Kandidature vun de Lëtzebuerger Acts, déi um Festival wëllen optrieden. "Klein, déi dëst Joer gebucht goufen, sinn e ganz gutt Beispill fir eng Band, déi ganz originell ass, an déi eng Musek mécht, déi momentan am Trend ass. Si kombinéieren den Aspekt vum Jazz mat elektronescher Musek. Dat ass fir eis ganz intressant."

Klein

Niewent dem Trio Klein wäert och d'Indie Folk Band Seed To Tree Lëtzebuerg haut den Owend um Eurosonic vertrieden. Si goufe vum radio 100,7 invitéiert. Hire Sänger, de Georges Goerens, ass schonn e Mëttwoch op Groningen gefuer fir den Terrain ze preparéieren.

Hie wéilt sech awer net ze vill Drock maachen an einfach Leit op de Concert invitéieren déi hien um Festival begéint. Eng natierlech Aart a Weis géif ee méi wäit bréngen, wéi onperséinlech Emailen ze verschécken, seet de Georges.

 sir Was

Zu Groningen begéint een awer och e puer vun de wéinege Leit, déi zu Lëtzebuerg en Job am Musekssecteur hunn. Dat si virun allem d'Programmateure vun de Concertssäll. Wéi de Marc Scheer, deen zanter Kuerzem vu Coopérations zu Wolz an d'Escher Kulturfabrik gewiesselt ass. "Virun allem ass et interessant, well s de awer vläicht eng Grupp nach kanns buchen, éier se net méi ze kréien ass. Ech fannen et schonn immens spannend, an ech hu bis elo nach ëmmer all Joer déi eng oder aner Grupp gebucht."

Arlo Parks

De Freideg den Owend sinn d'Optrëtter vun de Lëtzebuerger Gruppe Seed To Tree, Klein hunn den Donneschdeg gespillt.

An der Mediathéik:

Kultur / / Yves Stephany
Lauschteren

Méi zum Thema

Dankwart
Dankwart

Elektronesch Musek viru Publikum am intime Kader vum Radiostudio: Dat sinn d'Elodie Sessions. Den nächsten Invité ass Dankwart. Hie beschäftegt sech domat, wéi seng Musek op de Kierper vum Mënsch wierkt.

Syd Barrett - The Madcap Laughs
Syd Barrett - The Madcap Laughs

Eng extrem kuerz musikalesch Karriär, déi enk mat massivem Drogekonsum ze dinn huet. Ufank Januar 1970 koum dem Syd Barrett säi Release "The Madcap Laughs" op de Maart.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen