Radioen

On air

Tockcity  |  Liam Gallagher & John Squire - Mars To Liverpool

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Am Weste wéineg Neies – an am Osten?

Eurosonic 2016

Am Weste wéineg Neies – an am Osten?

Wéi et de Moment ëm d'Musekszeen an Zentral- an Osteuropa steet, gëtt beim Eurosonic 2016 méi kloer: net immens. Et feelt net u Kreativitéit, mee virun allem u Moyenen. Grond dofir ass ënner anerem och d'Geschicht vun de concernéierte Länner.

Yves Stephany / ckl

auto_stories

4 min

Bands aus Zentral- an Osteuropa stinn dëst Joer am Zentrum vum Eurosonic Festival

Nikki Louder. Sou heescht eng vun de Gruppen aus den zentral- an osteuropäesche Länner, déi dëst Joer beim Eurosonic Festival m Fokus stinn. Fir si ass et eng Chance um Eurosonic opzetrieden. Si wëlle vill spillen, a gär och an anere Länner wéi hirer Heemecht. Mee dat ass allerdéngs net sou einfach.

Nikki Louder ware wuel a Frankräich an a Groussbritannien – déi Tournéeën hu si selwer mat vill Krämpes organiséiert. "Mir hunn zum Beispill nach ni an Italien gespillt. Dat ass eist Nopeschland, awer iergendwéi ass et eis nach net gelongen, fir do ee Gig ze kréien. Ech weess net wat de Grond ass. Vläit ass et einfach Pech oder vläit hu mir net genuch gutt Kontakter. An an deenen aacht Joer, wou et eis gëtt hu mir just eng Kéier an Däitschland gespillt", erzielt de Peter Cerar, Bassist vu Nikki Louder.

Grenz tëscht Ost a West

An dee Concert an Däitschland war ... an engem Keller. An Osteuropa an um Balkan hätte si keng Problemer, fir Optrëtter ze kréien, egal ob a Kroatien, der Slowakei oder der tschechescher Republik. De Peter mengt, datt et nach ëmmer eng Grenz zwëschent Ost- a West-Europa gëtt, oder rëm. Dat hätt hien och gemierkt um Wee fir an Holland.

"Wéi mir lo a Richtung Norde gefuer sinn, hu mir gemierkt, datt dat 'fräit Europa' wéinst der Flüchtlingeskris net sou fräi ass, wéi mir gemengt hunn. All auslännesch Autoen a Camionnette goufen op d'Säit gewénkt, an d'Pabeieren an d'Gepäck gouf iwwerpréift. Ech hoffen, datt dat just eng Phase ass, eng kleng Paranoia. Awer ech si mir net sou sécher", sou de Peter Cerar. Nikki Louder fäerten, datt et an Zukunft nach méi schwéier kéint ginn, fir Concerten a Westeuropa ze organiséieren.

"Vill Joere verschwend"

D'Marie Čtveráčková  moderéiert zu Prag eng Emissioun mat zukunftsorientéiertem Hip Hop, Trap an elektronescher Musek. Hirer Meenung no gëtt et ganz kloer ee Retard am Osten, wat gudde Pop ubelaangt. "Mir hunn an der Zäit vum Kommunismus vill Joere verschwend. Et goung drëm, Saachen aus Amerika ze kopéieren an tschechesch Texter drop ze setzen. Eis feelt et u Leit, déi d'Zeen géifen organiséieren, sou wéi Manageren oder Promoteren", erzielt d'Marie Čtveráčková.

Et géif vill gutt Initiativen a Festivallen ginn, mee déi géifen awer dacks als Fräizäitbeschäftegung vun Idealisten ofgestempelt, well net vill Sue gemaach ginn. Hei géif et och un ëffentlecher Hëllef feelen. "Fir Musek ass et anescht wéi fir Theater. Déi hunn hiren eegene System fir Subventiounen. Fir d'Musekszeen gëtt et dat net. Et ginn also eng ganz Rëtsch Facteuren, déi éischter organisatoresch sinn, wéi d'Qualitéit vun der Musek. Menger Meenung feelt et eis net u kreativem Potenzial", seet d'Marie Čtveráčková .

Choix hätt kënne méi recherchéiert sinn

Där Meenung ass awer net jiddereen um Eurosonic. Vill Leit soen sech zimlech genervt vun der zentral- an osteuropäescher Programmatioun. De Choix vun den Artisten hätt definitiv kéinte méi recherchéiert sinn. D'Marie, d'Journalistin vum tschechesche Radio, fënnt et schued, datt een am Osten nach ëmmer probéiert, déi westlech Klischeeën z'imitéieren. "Et gi vill Gruppen, déi anescht kléngen, anescht sinn an anescht denken. Awer déi meescht Leit sinn der Meenung, datt dës Band net op sou Festivalle gehéieren. Well am Pop geet et schliisslech ëm d'Ähnlechkeeten".

Och wann de Eurosonic net fir eng Revolutioun wäert suergen, e puer Artiste wäerten duerch dës Plattform awer Gehéier a Länner fannen, Band vun deene soss kee géif schwätzen. An et wäerte Kontakter entstoen, déi déi zwou Zeene méi no unenee wäert bréngen. Musek konnektéiert direkt un d'Emotiounen. A bei dësem Festival gëtt duerch d'Musek kloer, datt Europa net sou fräi ass, wéi et um Pabeier schéngt.